top of page




Beschreiwungen

allgemeng Informatiounen

D'Veianer Schlass gehéiert zu den beandrockendsten Iwwerreschter vun der mëttelalterlecher profaner Architektur iwerhaapt. D'Gebai dominéiert den Ourdall a soll d'Leit beandrocken. Déi al Grofe vu Veianen wollten hieren Usproch mat dësem Gebai weisen.

 

Vum 3. Joerhonnert v.Chr. bis d'5. Joerhonnert n. Chr. gouf et fir d'éischt eng treveresch, duerno eng réimesch Präsenz um Hiwwel, vläicht mat engem Tempel oder enger Festung. Duerch vill spéider Transformatiounen an Ergänzungen un der mëttelalterlëcher Anlag kann een nët vill hei derzou soën.

 

Déi verloosse réimesch Struktur gouf ëm 700 n. Chr. nei genotzt. Vum 11. Joerhonnert un gouf de Site d'Haaptresidenz vun enger Adelsfamill, déi spéider als Grofe vu Veianen bekannt gouf. D'Schlass krut am 12. Joerhonnert d'Haaptkonturen vun der haiteger Form; bis Enn vum 15. Jorhonnert sinn déi héich Giëweldächer dobäi komm. Vun Ufank vum 17. Jorhonnert un gouf un der Architektur net méi vill geännert, an d'Plaz gouf vun 1795 - 1814 no an no verlooss.

 

Vun 1820 un ass d'Gebai vandaliséiert an zur Ruine gin.

 

Éischt Restauratiounsaarbechte goufen an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert an der Kapell duerchgefouert, gefollegt vu méi déifgräifenden Rekonstruktiounen am éischte Véierel vum 20. Joerhonnert (grousse Sall, Galerie, asw.). D' Agankshal & D'Garnisoun (béides zesummen haut Waffenhal) kruten vun 1966 - 69 nei Verwöllef, a vun 1978 un gouf d'Schlass bal komplett rekonstruéiert (Diëcher, Verwöllef vum groussen Sall, Ritterstuff, Zammerei- an Schräineraarbechten, Haffgebaier etc.)

bottom of page