
iwert der Kapell
(Salle Charles Arendt)

Dëse Raum hat fréier keen speziellen Zweck. E gouf gebaut - ähnlech wéi niewendrun de Späicher am "klenge Palas" - fir op d'Héicht vum "grousse Palas" ze kommen.
Deemools konnten Raim iwwer engem Oratorium net fir vill gebraucht ginn, well "kee soll iwer Gott sinn".
Wéi de Kapellendach 1667 vum Blëtz getraff gouf, war d'Nët-Notzung vun desem Sall fatal. Déi brennend Dunne vun dem Gespäer sinn ouni dass eppes am Wee war waat se opgehaalen hätt op d'Kapellenverwëllef gefall an huet dat schwéier beschiedegt. Dëse Schued gouf nie richteg behuëwen, bis d'Buerg zur Ruine gin ass.
Charles Arendt

De zu Veianen gebuerene Lëtzebuerger Staatsarchitekt war begeeschtert vun der mëttelalterlecher Architektur a gouf fir seng neogotesch Gebaier bekannt. Hie gëtt dacks mat sengem franséische Kolleg Viollet-le-Duc verglach.
Hien huet sech fir d'Ruine vum Veianer Schlass interesséiert a krut d'Restauratioun vun der Buergkapell an Opdraach. Dobäi gouf d'Verwellef restauréiert an d'Gebai mat engem neien Daach geschützt. Hien huet och e puer Bicher iwwer d'Schlass erausginn, dorënner "Monographie du château de Vianden" a "Blumenlese", e Reprint vun deem kann een am Souvenirbutteck vum Schlass kafen.
Prënz Henri vun Holland

Als Gouverneur op Lëtzebuerg geschëckt, hat den Brudder vum Kinnek vill Sympathie fir d'Lëtzebuerger a ass vun hinnen héich respektéiert gin. Hie wollt och mat der Rekonstruktioun vum Veianer Schlass unfänken an huet mat den Aarbechten un der Kapell ugefaangen, woumat hien fir d'éischt de Militäringenieur Von Koenig, a spéider de Charel Arendt beobraacht huet.
Victor Hugo

De Victor Hugo ass 4 Mol op Veianen komm an huet domat gewisen, wéi gäer heen des Regioun haat. Als revolutionäre Romantiker huet hien d'Schlassruine als Symbol vun engem iwwerwonnenen donkelen Zäitalter (vum Feudalismus) gesinn an huet senger Zefriddenheet iwert hir Zerstéierung Ausdrock gin.
Trotzdem huet hien sech fir d'Restauratiounsaarbechten um Veianer Schlass interesséiert, besonnesch fir d'Aarbecht vum Charles Arendt.
Ennen an der Stad Veianen kann een Haus besichtegen wou den Hugo während sengem Openthalt zu Veianen gewunnt huet.
berühmte Visiteuren

Als wichtegst Eenzelgebai aus der Feudalzäit zu Lëtzebuerg, an engem vun de bekannteste Schlässer vun der Welt, kommen vill bekannte Leit aus Politik, Kulturliewen etc. op Staatsvisiten, an Filmer goufen an gin hei gedréint .... Ronderëm d'Maueren Biller vun e puer vun desen bekannten Visiteuren ...

A lavishly illustrated book features on nearly 300 pages well-known figures from the world of politics, film and culture who have visited Luxembourg's most famous castle.
Did you know that Queen Elisabeth II, Gina Lollobrigida, the famous French poet Victor Hugo and many others were here in Vianden?
Many movies were turned here, and in spring 2004, scenes for the film The Dragon and the Sword were filmed at Vianden Castle, starring Patrick Swayze.
This book can be purchased at the museum shop
