
romanesch Galerie
(Summersall)


Mam Bau vum "klenge Palas" an der zweeter Halschent vum 12. Joerhonnert huet dëse Sall den fréieren oppene Sall (deen op der heiteger Terrass stoung) ersat. Dëse neie Sall hat vun Ufank un 4 grouss trilobal Fënsteren no Süden (wéi en se haut nach huet) a 7 Fënsteren no Norden, vun deenen 3 d'Äquivalent vun de Südfenster waren, an 4 mat ronne Béi (wéi um Bild).
Esou eng Hal konnt nëmme bei guddem Wieder genotzt ginn. Mee mir mussen dovun ausgoen, datt am 12. Joerhonnert d'Klima waarem war, an d'Bänken an de Fënsteren weisen datt d'Leit hei Zäit verbruecht hun fir ze poteren, Spiller zë maachen, Handaarbechten oder einfach ze relaxen ...
Mä ët konnt een am Wanter net vill Zäit hei verbréngen.Daat meescht vum "offiziellen" Liewen um Haff huët dofir am Summer statt fonnt, wou ët och méi einfach war fir ze reesen.
Mam Bau vum "grousse Palas" (mat engem neien groussen Sall a privaten Appartementer fir d'Grofefamill) krut dës Plaz eng zousätzlech Roll fir am Wanter. Et konnt een den Sall neemlech als iwwerdeckten Galerie benotzen fir vun dem neien Sall an d'Kapell ze kommen an zrëck.
Wéi d'Gebräich vum Liëwen um Haff geännert hunn an d'Klima am spéide Mëttelalter manner gutt ginn ass, goufen d'Fënsteren zou gebaut an dën Sall fir aaner Zwecker zu méi klengen Reim ëmgebaut. Op der Säit vun der Kapell (Iwer der Ritterstuff) gouf eng nei "Caminata" (mat Kamäin gehëtzten Zëmmer) installéiert andeems de bestohenden Kamäin vun der Ritterstuff benotzt gouf; dëst neit Zëmmer sollt "Ritterkummer" genannt ginn.
Wéi 1891 an engem Stuerm dën mëttlere Giëwel vun der Ruin zesummen gefall ass, huët ën nët nëmmen d'Verwëllefer vun Agangshaal an Garnisoun, ma och d'Fënsteren vun der Nordsàit vun der Galerie zerstéiert. Wéi dun an den 1920er Joren den däitsche Buergenexpert Bodo Ebhardt ugefaang huet dës Fassad nei opzebauen, huet hien den homogene Modell vun de südleche Fënsteren als Modell fir d'Rekonstruktioun gewielt; dofir huet di nördlech Fassad haut 6 trilobal Fënsteren, an net méi 7 vun 2 verschidden Zorte wéi virdrun.
