
Pëtz

De Pëtz vum Veianer Schlass huet eng Gesamtdéift vu 54 m, vun der haiteger Zougangsplattform bis ënnen op de Gronn.
De ronne Schaft ass ca. 3,5 m breet bis zu enger Déift vun 22 m, vun do un awer just nach 1,5 m. D'Waasser war ursprénglech exklusiv Quellewaasser (haut leeft och Reewaasser an de Schacht).
Waasserversuergung vun engem Schlass
Waasser ass daat allerwichtegst an enger Festung, well ouni Waasser d'Liewen net méiglech ass. Also hunn d'Schlassbauer missen dofir suergen datt ëmmer genuch Waasser do wier fir eng Garnisoun während enger Belagerung um Liewen ze halen.
Et ginn dräi Méiglechkeete fir Waasser an eng Buerg ze kréien, déi dräi goufen iergendwann zu Veianen genotzt.
Waasserleitung

Am 16. Jorhonnert gouf et eng Waasserleitung, déi deelweis aus huele Bamstämm, deelweis aus keramiks Réier (Photo) gemaach gouf, fir Waasser aus enger Quell am Bësch op d'Schlass ze bréngen. Leider huet dat net allze gutt fonctionnéiert, an et war ze ufälleg fir vum Feind futti gemaach ze ginn, sou datt se spéider net méi benotzt gouf.
e Schacht an de Fiels geha

De Pëtz gouf méiglecherweis am 12. Joerhonnert um Buedem vun engem alen réimesche Gruef ugeluecht. Déi éischt Zougangsplattform war ee Stack ënnert dem haitegen Zougang; et schéngt wéi wann den haitegen Zougang mat dem Bau vu groussen Sall an däer neier Kichen ëm d'Joer 1200 ugeluecht gin wier.
ofpIwwerdeems de Schacht vum Pëtz ronn ass, ass et duerch eng véiereckege Ëffnung gekréint, déi op Béi steet. De Grond fir dës rechteckeg Öffnung ass déi mëttelalterlech Hiewtechnik: En Achsbam ass iwwer d'Öffnung gaang. E laangt Seel gouf an villen Schleifen ëm den Achsbam geweckelt, mat engem Eemer un all Enn. Wann een den Achsbam gedréint huet dann huet sech d'Seel op engem Enn ofgerullt, den Eemer do ass no ënnen gaang, an um aneren Enn eropgerullt, do ass den Eemer dann erop komm. De Prozess vun der Op- an Ofrullen huet d'Seel lues iwer den Achsbam gereckelt, dofir war eng laang Öffnung gebraucht gin fir Sputt ze hun.
Am 16. Joerhonnert gouf dëse Seelmechanismus duerch e Kettenmechanismus ersat, well et elo méiglech war sou schwéier Stolketten ze schmieden.
1622 gouf dat Gerät duerch en anere Kettenmechanismus ersat. Dësen hat zwee Eemer vun 80 Liter / 18 Gallounen déi vum selwen an zwee stengen Kemp vun 400 Liter / 90 Gallonen eraus geschott hun.
Rekonstruktioun vum Hiefmechanismus

Am Joer 2016 gouf den Hiefmechanismus rekonstruéiert, wat méiglech war duerch detailléiert Informatioun, déi an de Schlasskonten fonnt gin waren,engersäits, a Fuerschung iwwer d'Hiefmechanismen aanersäits. D'Struktur gesäit erstaunlech grouss an quasi industriell aus; esou eppes erwaart een net onbedéngt op engem Schlass. Me fir drun ze erënneren: Et war néideg dat ganzt Schlass mat Waasser ze versuergen; den deegleche Bedarf wier ongeféier 800 Liter / 180 Gallonen gewiescht - genee d'Quantitéit déi an déi Steebecken gepasst huet déi hei stoungen an ongeféier eng Stonn Aarbecht fir zwee Männer...

