
grousse Sall
(Wantersall - Ritterssall)

(den Audio Guide Text seet, datt hei fir d'éischt ën hëlze Plafanf war an méi spéit réicht d'Verwéllefer agebaut goufen. Mir huelen elo un datt daat nët esou war an datt d'Verwëllef vun Ufank un hei waren.
Dën Mumm "Rittersall" as ë romanteschen Ausdrock aus dem 19. Jh., di histotresch richteg Bezeechnung ass "Grousse Sall")
Dé grousse Sall ass d'Häerzstéck vun dësem Gebai, daat grousse Palas genannt gëtt. Et war eemol den Zentrum vum héifeschen Liëwen. Ënnert dem Sall läit de grousse Wäikeller, wou d'Gedrénks gelagert gin ass, uewen driwer waren d'Gemächer fir d'Grofefamill.
De Sall huet eng Längt vun 30,30m an eng Breet vun 9,60m. Ursprénglech waren hei 2 Kamäiner déi den Raum gehëtzt hunn; een um Enn (nach emmer do), een an der Mëtt vum Raum (Kamäinöffnung nach am ieweschten Deel vun der Mauer ze gesinn).
Den Zweck vum Sall war fir Receptiounen, Fester, Amtshandlungen, an fir d'deeglecht Liewen all Dag an der Wanterzäit (am Summer géif een op d'mannst zäitweis op d'Galerie plënneren).
grousse Palas
Wat mir de grousse Palas nennen ass tatsächlech en massivt tuermähnlecht Gebai daat vum normanesch-franséisch-englesche Donjon inspiréiert gin war. Et war eng Festung fir sech bannent de Buergmaueren an et war méiglech et nach ze verdeedegen wann de Rescht vum Schlass schonn erobert war (wéi een "Bergfried"). Gebaut ëm d'Joer 1200, war et dat éischt Gebai an dëser Regioun mat flankéierten Tierm, entworf fir d'Verteidegung vum Gebai, awer och als lateral Oofstäipung fir déi gewalteg breet Verwöllefen vum groussen Sall. D'Fassad weist eng symmetresch Andeelung vun de Fënsteren, d'selwecht op béiden Stäck, d'Optik war hei méi wichteg wéi Funktioun.
Liewen um Haff

Feudalhären hunn net onbedéngt op enger eenzeger Plaz gewunnt. Si haten e puer Schlässer, déi se eent nom aneren besicht hunn, a si waren dacks fir eng méi laang Zäit fort wéinst der Participatioun u Kricher, Pilgerreesen an aneren Grënn fir ze reesen. Als Konsequenz gouf et am Liewen um Schlass Perioden vun relativer Rou, wann den Här net do war, oan aaner Perioden vun hektescher Aktivitéit.
Sujete vum Här koumen op d'Schlass fir de Grof wéint villen Ursaachen an Uleiessen ze gesinn. De Grof huet och als Riichter a Streidereien a kriminellen Enquête presidéiert (mat der Zäit gouf dat ëmmer méi un Schäffen a Riichter delegéiert). Lehnsleid hunn hiren Eed a genee definéierten Zeremonien missen erneieren. D'Delegéiert vun aneren Hären, kierchlechen Entitéiten, Stied, Gilden asw koumen fir politesch Themen ze diskutéieren.
Normalerweis war d'Schlass op fir reesend Adelsleit, Ritter, Kleriker an Händler. Si goufe gutt opgeholl an ënnerbruecht, well se eng wëllkomm Quell vun Neiegkeeten aus aller Welt waren. Troubadouren a Minnesänger, Museker a Noren hunn fir Ënnerhalung gesuergt.
Hei goufe Banqueten ofgehalen, mat enger ganz formeller Deschuerdnung. De Grof a seng wichtegst Gäscht hun um Éierendësch presidéiert. D'Iessen gouf duerch d'Duerchreech aus der grousser Kichen bruecht.
Statuen

Tëscht de Fënstere sinn 4 Statuen :
- Grof Henri I. vu Veianen
- Gräfin Marguerite vu Veianen - Courtenay
- Prënz Wëllem I. vun Oranien
- Prënz Wëllem III vun Oranien
alle 4 sinn dat modernt Wierk vun der Veianer Kënschtlerin Marie-Josée Kerschen
bläiverglasten Fënster

Op der Säit vum Pëtz sinn an der Fënster 6 Wopen duergestallt:
ënnen:
- Lénks: Veianen virun 1288 (Scheld argent op Gueules)
- riets: Veianen no 1288 (Balleken argent op Gueules)
Mëtt:
- lénks: Nassau-Veianen
- riets: Philip-William vun Oranien
uëwen:
- lénks: Lëtzebuerg-Nassau (Haus vum Groussherzog)
- riets: Lëtzebuerg
argent = Sëlwer
gueules = rout






