top of page
Oranierbau
(genealogischen Raum)

Dëse Raum ass um éischte Stack vun engem Gebai, dat vun 1617 - 1620 opgeriicht gouf.

​

Zënter dem 14. Joerhonnert hunn d'Amtmänner vun de Grofen hir eege Wunnengen an engem Gebai dat als "Jülicher Haus" bekannt ass. Dëst Haus war am 16. Joerhonnert awer baufälleg gin, sou datt d'Verwalter an aner Deeler vun der Buerg hun plënneren mussen (Appartementer an der aaler an niëwt der neier Kichen). Nodeems d'Oranier 1604 an d'Grofschaft Veianen zréckkoumen (1568 war d'Grofschaft vun der spuenescher Kroun konfiskéiert gin) , hu si decidéiert en nei Wunnengen fir d'Verwaltungspersonal ze bauen.

​

Dës hun haaptsächlech aus zwee "Tierm" mat 5 Wunnengen bestanen. D'Aarbechten hun 1617 ugefaang a goufen offiziell 1620 fäerdeg wéi d'Haus mat der Installatioun vun Steen mat de Wopen vun de Prënzen Philipp-William &  Maurice vun Orange-Nassau  (ënner deenen hierer Herrschaft de Bau stattfonnt huet) an engem mat Inschrift ageweiht gouf, déi haut an dësem Sall ze gesinn sin. Trotzdem huet et méi laang gedauert fir d'Wunnengen fäerdeg ze maachen, Fënsteren, Schräinerei etc. hun nach e por Joer gedauert.

 

Nëmmen een vun deenen zwee Tierm steet haut nach, deen zweete war eemol um Enn vun der ugrenzender Terrass. Zwëschen deenen zwee Tierm op der Terrass war eng Latrin (Toilette) déi mat Reenwaasser gespullt gouf.

d'Dynastie vun de Grofe vu Veianen
vianden-schlass-33-768x1024.jpg

De Stammbam weist d'Grofe vu Veianen, ugefaangen mat dem éischte bekannten, dem Grof Bertolph. Déi éischt gëllen Zäit vu Veianen als Mëttelpunkt vun engem wichtegen Domän war am 12. - 13. Joerhonnert vum Grof Friederich I. bis zum Heinrich I. Dës Linn geet 1417 mat der Elisabeth vu Sponheim-Vianden op en Enn. Veianen geet op Nassau-Dillenbuerg iwer, spéider Oranien-Nassau-Dillenbuerg, wat zu engem zweete Gëllene Zäitalter am 15. - 16. Joerhonnert féiert.

 

Am Souvenirgeschäft gëtt et d'Standardwierk fir dës Dynastie op däitsch: "Die Grafen von Vianden" vum Jean Milmeister.

stengen Text a Wopen

Déi laténgesch Inschrift erënnert un de Philipp-Wëllem vun Oranien an de Maurice vun Oranien déi d'Bauhäeren vun desem Gebai waren. D'Steng sin vum Aegide Bouvet, "Quastore" (Finanzverwalter) vun der Grofschaft Veianen, gesaat gin.

 

Wopen vum Philipp-Wëllem (lénks):

Haaptschild: Nassau (uewen lénks), Katzenelnbogen (uewen riets), Veianen (ënne lénks), Diez (ënne riets)

Zentral Schëld: Chalon (uewen lénks & ënnen riets) & Oranien (uewen riets & ënnen lénks)

Häerzschëld: Genf

ëmgi vun der Kette vum Uerden vum Gëllene Flies

 

Wopen vum Maurice (riets):

uewe lénks & riets ënnen: Nassau, Katzenelnbogen, Veianen, Diez,

Zentrum: Moers

uewe riets & ënnen lénks: Chalon, Oranien,

Zentrum: Genf

Häerzschëld: Buren

Büst vumWëllem I. vun Oranien
IMG_9501.JPG

De Wëllem I. vun Oranien, genannt de Schweiger, och "Papp vun de Nidderlanden". Hien huet sëch mat senge Bridder Johann den Eelste vun Nassau, De Louis vun Nassau a säi Schwoer Konrad vu Solms de 16. November 1566 um Schlass Veianen fir iwwer déi politesch Situatioun an den nërdleche Provënzen vun den Nidderlänner ze diskutéieren. Si hun beschloss d'Rebellioun géint Spuenien zë ënnerstetzen.

​

Doduerch gouf dën Wëllem Uféierer am Konflikt, deen 1568 zum Krich gefouert huet, daat war den Ufank vum 80-jähregen Krich, deen zu der Onofhängegkeet vun den Nidderlanden gefouert huet.

bottom of page