top of page
Jülicher Bau
julich.jpg

Dëst Gebai war an der éischter Halschent vum 19. Joerhonnert an e Koup gefall a gouf zënterhier net méi opgebaut.

 

Ursprénglech gouf et ëm 1320 als Wunneng fir d'Amtmänner (Administrateuren) vun der Grofschaft gebaut. Deemools war de Grof vun Jülich Momper (Tuteur) vun de mannerjähregen Kanner vum Grof vu Veianen, dofir kruut d'Genai säi Numm.

 

Well d’Interesse vun de Grofe vu Veianen zanter dem 13. Joerhonnert vu Veianen eweg ëmmer méi no Westen, zu Namur, Flandern an Brabant zou gaangen ass, hun si nët méi su vill Zàit hei zu Veianen verbruecht, an et si Stellvertrieder gebraucht gin fir d'Grofschaft ze verwalten.

 

D'Jülicher Haus gouf op d'Iwwerreschter vun eelere Strukturen gebaut, wou et fréier eng Millen mat Laafrad (an eng Bäcklerei?) dran gin ass. Daat neit Gebei krut seng eege Kichen an engem fréiere fräistoenden Tuerm.

 

Schonn am 16. Joerhonnert gouf d'Architektur vum Gebai baufälleg an an den nächsten 200 Joer huet ëmmer rëm mussen un der Bausubstanz geschafft gin. An de 1620er Joren gouf d'Haus dun komplett renovéiert, zesummen mam Neibau vum Oranier-Bau.

bottom of page