
Schlofkummer

Am 12. Joerhonnert gouf en Wunntuerm fir déi privat Appartementer vun der Groffamill gebaut. Dëse Sall ass op dem zweeten Stack vun dem deemol no allen Säiten fräi stoenden Gebai. Haut sin awer um ehemolegen Tuerm op 3 Säiten aaner Gebeier ugebaut. D'Zëmmer hat e Kamäin (Kemenate), deen haut nach sichtbar ass, fir de Raum z'erhëtzen.
Wéi di grouss Kichen am Rez-de-Chaussée vun dësem Tuerm installéiert gouf, huet dese Raum vill Plaz verluer. Ongeféier déi Plaatz wou elo den Teppech an d'Bett sin gouf vum grousse Kamäin ageholl, deen vun do un duerch de Raum an d'Luucht gaangen ass. Dëse Kamäin ass haut awer net nei opgebaut ginn.
Zu där Zäit wou di grouss Kichen am Gebrauch war, gouf den ale Kamäin hei an desem Raum nët méi gebraucht. De Sall huet opgehalen eng Wunneng fir Adleger ze sinn, an ass och méiglecherweis guer net méi fir Wunnzwecker benotzt gin. Op d'mannst sinn d'mëttelalterlech Fënsteren hei net geännert ginn, wéi an allen aneren Appartementer (Kuckt d'Kräizstackfensteren am Prënz senger Stuff).
OPGEPASST: Dese Raum ass am 17. - 18. Joerhonnert net esou benotzt gin wéi mir et haut weisen!

historesche Charakter: Agnes van Mombeek

D'Fra vum Oberamtmann vun der Grofschaft Veianen Eustachius vun
Muenichhausen.
Hie war e veréierten Held wéi hien am Joer 1593 en Ugrëff op Sankt Vith (Deel vun de veianer Domainen) mat nëmmen enger Handvoll Zaldoten ofgewiert huet. De Géigner (Hollänner) war mat 1200 Mann Infanterie a 500 Kavalleristen op der Plaatz . Um
Veianer Schlass gouf sech nach lang un hien erennert well d'Appartement wou hien mat senger Famill gewunnt huet no him benannt gin as (Kichenmeeschterwunneng).
D'Agnes war eng sozial kritesch Fra. Si war net zefridden mat deenen villen Hiriichtungen an der Stad Lëtzebuerg. Dofir huet si e Kräiz um Wee fir bäi den Gaalgen opriichte gelooss, fir den Veruertdeelten hiert Séilenheel. Dës Plaz gëtt haut nach "Kräizgrennchen" (Val St. Croix) genannt.
d'Dëngschtmeedchen

D'Hauspersonal gouf ënner dën Bewunner aus der Grofschaft rekrutéiert. Déi meeschten vun hinnen koumen aus der Stad Veianen oder aus dën Dierfer rondrëm. Si hun stänneg um Schlass geschafft an gewunnt, an nëmmen fir extra Uläss (wéi z.B. der Fréijorsbotz) goufen zousätzlech Fraen agestallt fir d'Lëngent zë wäschen an auszeflëcken.
Dest Dëngschtmeedchen aus dem spéiden 16. Jorhonnert huet ë Kleed aus Lëngen waat gudd fir d'Arbecht am Stod geégent, robust an liicht propper zë haalen ass. D'Haiwchen ass eng fir dës Zäit typësch duëbel Hauw.
Himmelbett

d'Bett ass aus dem 17. Joerhonnert, barock
et gouf vun den Schlassfrenn zu Dijon kaaft
Himmelbetter schéngen méi kuerz ze sinn wéi se sinn, daat ass wéinst dem héijen Himmel. Eigentlech si se méi oder manner déiselwecht Längt wéi modern Better. Am Géigesaz zu deem waat allgemeng gemengt get kann een ganz gudd dran leien.
Am Mëttelalter, wéi méi Leit zesummen an engem Zëmmer geschlof hunn, hunn d'Kardengen (Rideauen) dem Adel e bësse Privatsphär am Bett gin. Méi spéit, mat verschlechtertem Klima am spéiden Mëttelalter, goufen Himmel a Riddoen genotzt fir e bësse Wäermt am Bettraum ze behalen. Wéi d'Bett si vill Saachen an dësem Zëmmer si entworf fir zë isoléieren oder waarm zë maachen, well et zu däer Zäit esou kaal war.
Reestruh

während déi meescht Truhen ganz schwéier Konstruktiounen waren, an net vill geplënnert ginn sin, waren "Kofferen" wéi deen hei fir d'Reesen geduercht an gebaut. D'Konstruktioun ass vill méi liicht, den Truhendeckel ass ronn an di ganz Truh ass mat Eisenstreifen verstäerkt fir se géint Stéiss während der Rees ze schützen.
Truhen an Kofferen waren d'Haaptmiwwel fir Kleeder, Bettgeschier an all aner Stofftartikelen dran ze versuergen.
"Troun"
Sëtzmiwwel mat agebaute Truhen ënner dem Sëtz ware ganz heefeg. Normalerweis waren et Banken (Siddel), awer et ginn och Still wéi deen, deen Dir hei gesitt.
Et hätt een e vläicht als Toilette benotzten kennen, andeems en Eemer ënner dem Sëtz gstallt hätt, awer dëst war net den Haaptzweck.
Dëst Stéck ass neogotesch an aus dem 19. Joerhonnert
Bettwiermer & Fousswiermer

de Bettwiermer gesäit e bësse wéi eng Paan aus. Den Deckel kann opgemaach ginn fir Glous vum Feier oder Kuëlen dran zë maachen. Mat däer waarmer Pan fiert een dann firum schlofen goen iwwer d'Bett, sou datt d'Lenndicher gutt waarm ginn. Dëse Bettwiermer ass vum spéide 17. oder Ufank vum 18. Joerhonnert.
Féisswiermer goufen - besonnesch vu Fraen - benotzt fir d'Féiss opzewiermen. Schong hate Liedersuehlen an d'stengen oder d'keramiks Buedembeleeg konnten zimlech kal sinn. Fraen konnten nach eppes dermat maachen: Wann së de Rack iwert den Fousswiermer gebreet hun goufen och d'Been waarm. An der hëlze Këscht steet eng Keramikschuel déi mat Kuëlen gefëllt kann ginn . Op Biller kann een dacks gesinn, datt dës Keramikschuëlen als "Äschebecher" fir Päifen benotzt ginn. Dëse Féisswiermer ass eng Kopie vun deem op dem Vermeer sengem Bild vun der "Mellechmood".
Taakeplack

de lëtzebuergesche Numm fir dës Gossplacke ass "Taak", daat ass eng typesch Saach fir dës Géigend (Lëtzebuerg - Äifel). Normalerweis goufen se an e Lach an der Mauer tëscht Kichen a Stuff gesat fir als Heizung fir d'Stuff ze déngen (kuckt och d'Beschreiwung vum Taakeschaaf an dësem Zëmmer)
Dës Taak weist den keeserlech Woopen vum Keeser Charles V. a staamt aus der Mëtt vum 16. Joerhonnert.
Don vum M. Victor Abens
Renaissance Schaaf

dese Schaaf am Renaissance-Stil aus Nëssert staamt aus dëm 17. Joerhonnert.
Interessant sin di geschnëtzten Käpp uëwen, si weisen Männergesiichter. Ët ass wahrscheinlich dass dese Schaaf uersprenglech vum Veianer Schlass staamt an zu der Ariichtung vum Oranier-Haus gehéiert huet.
Don vun der Famill Lambert vun Vielsalm (B)
Schaaf am Tréieresch-Lëtzebuerger Stil

aus Eech
an der éischter Halschent vum 18. Joerhonnert gemaach
Hierkonft Colmarhof (L)
de Wandschaf weist eng Ähnlechkeet zu aaneren Miwwelen déi dir hei am Schlass fannt: D'Dierpanneauen sinn op eng typesch Manéier an 5 Felder agedeelt. Dat ass eenzegaarteg an der Regioun Tréier-Lëtzebuerg.
Obwuel esou Miwwele besser an e räiche Bauerenhaff oder e räicht Stadhaus passen géifen, kënnen se awer och an engem Schlass an de Wunnenge vun Dénger stoen. An dest Zemmer war am 17. - 18. Joerhonnert fir d'Dénger reservéiert (wann iiwerhaapt een hei gewunnt huert)
Takeschaaf

op der Säit vun den Besucher gëtt et en dekoréierten Takeschaaf aus Eechenholz / Äschen / Birenbam. En staamt aus der Kalber Millen am ieweschten Ourdall. Esou Schief sin typesch fir eis Géigend, an se waren an der Stuff an der Mauer zu der Kichen zou. Wann déi ënnescht Dieren op sinn,kann een d'Taak gesinn, déi an ëm Lach an der Mauer zu der Kichen agebaut ass. Op der anerer Säit erhëtzt d'oppent Feier vun der Kichen d'Plack, déi dann benotzt gëtt fir d'Stuff ze wiermen. Am Kamäin vun desem Zëmer gesidd der esou eng Taak
Tapisserie
"Elech & Eenhuer"

Tapisserien un de Maueren, d'selwecht wéi Teppecher um Buedem, waren net nëmme fir Dekoratioun, awer och fir Isolatioun. Et goufen och Holzvertäfelungen an den Zëmmeren, déi och isoléiert hun. Esou huet d'Kamäinfeier oder den Uewen net missen dat kaalt Mauerwierk mat erwiermen.
eng Expertise ass an der Virbereedung fir all Tapisserie







