top of page
dë Schlassgaart
IMG_20230427_155337[1].jpg

Fréier gouf all Eck bannent dem Schlass genotzt fir Uëbst, Geméis an Kraider unzebauen. Déi gréissten Gaardenfläch louch awer baussent den Maueren.

Den Haaptgaart vum Schlass op der Südsäit gët am Ableck nei hier geriicht. Wann des Aarbechten oofgeschloss sin, ass déi Plaatz och fir den Public zougänglech. Am Moment kann een nëmmen vun bannen am Schlass drop kucken. Déi besten Aussiicht huet een vun der Aussiichtsplattform am Besicherzentrum.

de Bongert
IMG_20230717_135248[1].jpg
IMG_20230717_135228[1].jpg

De Bongert ass baussent der Schlassmauer zwëschent der zweeter an der véierter Puert. Virun der Haaptmauer ass eng Plattform déi vun enger zweeter Mauer gebild gët. Daat war eng fréier "fausse braie" wéi et an der Festungsterminologie heescht. D'Mauer sollt verhënneren dass Kanounenkugelen un d'Haaptmauer erun kommen. Op deser Plaatz waren nach eng Rei aal Uëbstbeem, déi ëlo ëmmer nach do stin. Derzweschen goufen nei Beem geplanzt. Et handelt sech dobäi em aal Aapel- an Birenzorten. Hannen um Enn vum Bongert gouf en "Insektenhotel" opgeriicht fir d'natierlech Villfalt ze förderen. 

de Wangert

De Wangert gouf 2023 an Zesummenaarbecht mat lëtzebuerger Wënzer geplanzt. Et sin ongeféier 300 Riëwen do. Fréier waren vill Hiwelen rondrem Veianen mat Riëwen beplanzt, an d'Uertschaft war een wichtigen Zentrum vun der lokaler Wäinproduktioun. An der éischter Halschent vum 20. Jorhonnert sin des Wangerten ganz verschwonnen. Mee d'Wënzer mengen dass Veianen duerch de Klimawandel nees eng gudd Wäinbauregioun gin kennt. D'Riëwen wäerten awer nach eng Rei Joren brauchen bis dass een Wäin vun hieren Drauwen maachen kann. Dir musst iech also nach e besschen gedellegen ier Dir eisen Wäin am Schlasscafé degustéieren kennt.

d'Orchideenwiss
93627127_686335365502247_4860838681881083904_n.jpg

Nodeems den Aereal vum fréieren Schlassgaart gebotzt gin war sin do am Fréijoor Orchideen opgetaucht. Et gouf decidéiert hei eng wëll Wiss ze loossen, wou d'Orchideen zesummen mat aaneren raren Planzen wuessen kënnen.

 

D'Orchideen bléien vum März bis Mee.

getesselt Maueren

Well d'Gäert vum Schlass am Hank louchen, hun së missten op Terrassen gemaach gin, déi duerch Maueren gestäipt goufen, déi aus dem Steen bestaanen hun deen een op der Plaatz fonnt huët. Daat ass haaptsächlech den Schiefersteen vun hei, awewr och gielen, groen an rouden Sandsteen deen vun verfaalenen oder ofgerappten Gebeie3r vum Schlass hier staamt.

D'Maueren stäipen och ee Wee (den sougenannten Iëselspaad) deen vum Schlass an d'Stad erof féiert an deen bäi der "Iëselspaart" ufänkt (kuckt och bäim Kapitten "Schlasshaff")

Vun 2025 un gin déi zerfaalend Maueren rekonstruéiert, wouduerch net nemmen d'Schlassgäert an de Paad nees hier gestallt gin, ma och Liëwensraum fir allméiglecht klengt Gewibbels geschaaf get.

bottom of page