top of page
Schlasshaff

Den Areal vum Schlasshaff schéngt zanter der Réimerzäit genotzt gin ze sinn, méiglecherweis vun Ufank un mat Ställ, Atelieren an aneren Fonktiounsgebaier.

 

Déi successiv Buergpaarten stamen aus verschiddenen Epochen

Éischt Paart

Ët ass nët ganz vill Rescht vun der éischter Paart; nëmmen Spueren am Fëls an ë puert Steng weisen wou së eemol stoung. Së hat eng "schlofend Bréck", also eng fest Holzbrëck,  wéi déi, déi Dir bei der 3. Paart (hannert der Entréeskeess) gesi kënnt.  Vill méi ass nët iwwer dës Paart bekannt.

Zweet Paart
​
gate2.jpg

Dës Paart staamt aus dem 12. Joerhonnert, d'Schéissscharten a Kanounenluken sinn spéider Ergänzungen (15. Joerhonnert), wéi och d'Säitendier op der lénker Säit (17. Joerhonnert).

Drëtt Paart

Dëst ass déi als lescht gebauten Paart um Veianer Schlass, déi Enn vum 17. Joerhonnert entstaanen ass, mat Muskéitescharten. Den Bou vun der Paart ass deen eenzegen vun allen Paarte, deen net aus Haasteen gemaach gouf, wat weist wéi improviséiert d'Konstruktioun während der Krichsgefor ausgefouert gouf.

Véiert Paart

D'Haaptpaart, aus dem 12. Joerhonnert (am Stil ähnlech wéi déi 1. Paart).

Interessanterweis gëtt et e gekréinte Kapp uewen um Bou, deem sëng Bedeitung ëmstridden ass. D'Pechnuës gouf 1634 bäigefügt. Déi hëlzent Dierfligelen gët ët nach, së sin amgaang restauréiert zë gin .

déi lescht Paart, Gaardepaart oder Ieselspaart

Eng Potern (kleng Niëwepaart) aus dem 12. Joerhonnert féiert zum Schlassgaart an zu em Wee deen an d'Stad erof féiert. Anscheinend sin iwer dee Wee Wuëren op Ieselen  an d'Buerg transportéiert gin.

​

d'holze Paart staamt aus dem Joer 1594

Wirtschaftshaff

Méiglecherweis gouf dësen Areal zënter der Réimerzäit benotzt. Haut ass ën vu modernen Gebaier ëmgin mat engem Café, Souvenirgeschäft an de Besucherzenter. Matzen op der Plaz steet e Nëssert, dee vum verstuerwene Grand-Duc Jean als typesch veianer Saach geplanzt gin ass.

 

Tëscht dem Nëssert an der Glasfassad vum Besucherzenter gëtt et e Beräich wou nach archeologesch Ausgruëwungen ze gesinn sinn. Ee rampenähnlech Gruëw, deen an de Fiels geschnidden ass, ass eng fréier Zougangsgaass, méiglecherweis aus der Réimerzäit.

 

Am héije Mëttelalter stoungen hei vill verschidde Gebaier, déi schwéier ze interpretéieren sinn; mä mat wéineg Zweiwel waren do Ställ, Scheieren an Atelieren. Eng aachteckeg Struktur (nach siichtbar am Besuchszentrum) war vläicht en Dauwenschlag.

​

Dauwen waren e besonnech virnehmen Plat op engem Banquet, d'Zuucht an d'Haalen vun Dauwen war e kinnekleche Prerogativ; nëmmen déi dichtegst Hären haten d'Recht dorop. Déi, déi d'Recht haten dat ze maachen, hunn et duerch ganz beandrockend Dauweschléi gewisen, dacks aachteckeg no baussen, well dëst e Symbol fir d'kinneklech Prerogativ ass.

Am 15. Joerhonnert krut den Haff nei Gebaier (an dëser Reiefolleg vum haitege Café aus gekuckt, also vun uëwen no ënnen): e Päerdsstall, eng Heescheier, eng Käerenhal, eng Bäckerei, nach ën Päerdsstall an eng Brauerei.

 

Dat éischt Gebai hannert der 4. Paart riets koum am 17. Joerhonnert als Wuechthaus dobäi.

 

Op der lénker Säit vum Haff gesäit een e véiereckege Baseng an e Kanal, deen an de Fiels geha ass. Hei gouf Reewaasser gesammelt, an am 16. Joerhonnert gouf de Baseng vun enger Waasserleitung gefëllt, déi Quellwaasser aus em Bësch no bäi hei hin bruecht huët (kuckt heizou och bäi Pëtz).

Fënnefte Paart

Dës Fallgatter-Paart gouf am Joer 1634 am lokalen roude Sandsteen gebaut

Schlass Entrée: Trap & Haus Fallbréck

Déi haiteg Trap an d'Haaptbuerggebai ass eng Interpretatioun vun der fréierer "Ritterstiege". Nieft dëser Trap féiert eng Gaass an den hënneschten Haff. Dës Gaass konnt fréier duerch eng weider Paart zougemaach ginn a war vun enger Fachwierkkonstruktioun iwwerdeckt, déi "Fallbrückhaus" genannt gouf.

Dëst war e galerieähnleche Raum mat 21 Glasfënsteren. Den Numm "Fallbréck" ass eng Commemoratioun un eng mëttelalterlech Zuchbréck, déi virdrun op dësem Site stoung.

de Goss vun der Caspar-Bux-Kanoun

An der éischter Halschent vum Jor 2024 get ee länger dauerenden Projet am Veianer Schlass ëmgesaat:

​

Fir d'éischt gët ee Flaamuëwen fir Bronze ze schmelzen gebaut, sou wéi së am 17. Jorhonnert gebräichlech waren. Dann gët eng Géissform fir ee Kanounerouer gemaach. Wann alles fäerdeg ass, get gegoss, viraussiichtlech Ufank Juni 2024.

​

Daat hei ass een experimentellen Projet; alles get genau esou gemaach wéi am 17. Jorhonnert. D'Leedung vum Projet läit bäi dëm Dr. Bastian Asmus, Archäometallurg.

IMG_0185.JPG

Bài Ausgruëwungen um branebuerger Schlass (15 km vun Veianen) goufen 2 Kanouneréier aus der Wierkstaat vum Veianer Glackengéisser Caspar Bux fonnt. Eng Zäit laang waren së verschwonnen, virun kuerzem sin se rëm fonnt gin an sin ëlo am Musée dräi Eechelen (M3E).

Et sin "Falkonetten", daat heescht klengkalibreg Kanounen déi geduecht waren fir d'Schlass zë verteidigen. Si sën wahrscheinlech Ufanks des 17. Jh. gemaach gin, och wann së fir déi Zäit aalmoudesch ausgesinn.

Caspar Bux

​

Zu Veianen gouf et eng laang Traditioun vun der Glackengéisserei, an verschiedden Objeten dovun hun bis haut iwerliewt. Den Caspar Bux koum aus enger agesiessener Bronzegéisserfamill; den Numm "Bux" (vun "Büchse") weist dass d'Glackegéisser och Schosswaffen hier gestallt hun.

Ënner aanerem huet dën Caspar Bux och di sougenannten Sëlwerklack vum Veianer Schlass nei gegoss (se hänkt haut an der Trinitarierkierch)

Screenshot 2024-03-13 at 15-37-53 (1) Facebook.png

den Uëwen

 

Déi kleng industriell Revolutioun am 16. Jorhonnert huert eng Partei Innovatiounen mat sech bruecht déi d'Metallveraarbechtung revolutionéiert huët. Zum Beispill gouf dën Héichuëwen fir Eisengewënnung erfonnt (an deen éischten an Lëtzebuerg stong hei zu Veianen), an fir d'Bronzegéisserei hun së den Flaamuëwen entweckelt.

Am Gegensaatz zu fréieren Iëwen déi mat Holzkuëlen befeiert goufen, ass dën neien Flaamuëwen mat Holz bedriwwen gin, waat méi héich Temperaturen erméiglecht huet.

Vun März bis Abrell 2024 gët esou en Uëwen um Veianer Schlass gebaut.

55882004_2492791887618436_7094507978321035264_n.jpg

d'Géissform

Kanounen géissen war net ganz vill aanescht wi Glacken géissen. D'Form get dofir an enger ähnöecher Technik gemaach. Dir kënnt daat um Veianer Schlass gesinn, an zwar viraussiichtlech vun Abrëll bis Mee 2024

22829134_2099453283618967_8949128445759593835_o.jpg

Dr Bastian Asmus

Den Spezialist an der Archäometallurgie ass hei zu Lëtzebuerg bekannt gin wéi heen 2022 eng Beiekuerfglack zu Stolzebuerg gemaach huet.

Dir sidd agelueden fir heen bäi senger Aarbecht ze stéieren an him Froën ze stellen. An der Ufangsphas wäerten d'aarbechten haaptrsächlech vun Méindes bis Donnersdes statt fannen.

méi Informatiounen hei:
www.archäometallurgie.de

Verfollegt den Projet !

Als Member vun den Veianer Schlassfrënn huet Dir d'ganz Jor iwer fräien Entrée an d'Schlass, an och fir all Evenementer. Mat äerer Cotisatioun vun 15.- (einfachen Member) oder 25.- (Familljekaart) kënn dir den Fortschrett vum Projet verfollegen an och bäi dem Goss präsent sin.

bottom of page