top of page
Wunneng vum Kichemeeschter

(Den Audioguidetext fir dëse Raum seet datt den ursprénglechen Zweck onbekannt awier. Dës Informatioun ass vnet méi aktuell, well d'Fuerschung, enner aanerem duerch Dokumenter,  mettlerweilen daat eraus fonnt huet waat hei ennen drenner steet. Dëst weist d'Wichtegkeet vun alen Dokumenter an der Fuerschungsaarbecht wéi ënnen drënner beschriwwen)


Dëse Raum, iwwer de Spéntercher (Liëwensmettellager), nieft dem Haaptreewaasserreservoir enner der Terrass, dem Kraidergaart an der grousser Kichen, war Deel vum Kichenkomplex: Et war d'Wunneng fir de Chefkach (oder Kichenmeeschter) vum Grof.


Eng Fënster (Mauer riets Säit ënner der Tapisserie), déi de Raum mat der grousser Kichen verbënnt, huet d'Iwwerwaachung vun der Kichen erlaabt. An der henneschter Mauer war eng kleng Dier, déi an de Kraidergaart gefouert huet.


1464 gouf en Eisenuewen agebaut, sou datt de Raum ouni oppene Feier am Kamäin gehëtzt konnt ginn.


Um Ufank vum 17. Joerhonnert gouf d'Wunneng vum Eustache vu Muenchhausen, Oberamtmann vun der Grofschaft Veianen, genotzt. Well d'Wunnengen am Haus Jülich baufälleg waren, ass de ieweschte Beamten op dës Plaz geplënnert, déi deemools net am Gebrauch war. Zanterhier gouf d'Plaz "Münchhausen's Quartier" genannt.

Kichemeeschter
mëttelalterlech-jobs_cook.jpg

Am Mëttelalter waren d'Käch ganz wichteg Leit mat engefr Vertrauenspositioun um Adelshaff. Si haten net nëmmen déi schwiereg Pflicht, vill a gutt Iessen fir eng wiesselnd Zuel vu Leit vum Haff a Gäscht ze organiséieren, si waren och mat der gudder Qualitéit vum Iessen betraut (an hu misse Vergëftungen verhënneren). An
der mëttelalterlecher Kichen sollt d'Iessen den Effekt vun Medizin hunn, besonnesch Kraider a Gewierzer goufen fir d'Gesondheet an d'Iessen derbäi gemaach. Awer och d'Liëwensmettel selwer an hier Zoubereedung waren wichteg fir d'Gesondheet. Also war de Kach net nëmme fir de gudde Goût an d'Ausgesinn vum Iessen verantwortlech, hie war och iergendwéi en Dokter, dee Krankheeten verhënnert an geheelt huet.


All dëst féiert zu der Tatsaach, datt de Kach ee vun de wichtegste Leit um Haff war, net fir just op enger Plaz ze kachen agestallt, mä fir eng wichteg Persoun oder Famill. De Kach vum Grof vu Veianen war dofir emmer do wou och de Grof dee Moment gelieft huet. Als Konsequenz gouf des räich Wunnung nemmen déi Zäit benotzt, wou de Grof hei residéiert huet.

Verwaltung vum Schlass

D'Schlass war am Zentrum vun enger grousser Grofschaft. D'Verwaltung vun dëser politescher Eenheet gouf iwwer d'Joerhonnerte méi a méi komplex. Wann d'Grofe net doheem waren hun si missen Stellvertrieder op der Platz hun. Am 17. Joerhonnert goufen et dofir 3 Haaptposten: De "Surintendant" oder "Oberamtmann" als Haaptvertrieder vum Grof, de Kapitän vun der Garde als Militärkommandant, an de "Rentmeister" oder "Receveur" (Finanzen).


Et gouf e Büroraum ("Kanzlei") fir déi néideg Pabeieraarbechten. Alles gouf mat der Hand mat Gänsefiedern op Pabeier geschriwwen. Wichteg Dokumenter goufen schéin op Pergament geschriwwen a mat Sigel "ënnerschriwwen". Dokumenter goufen versuergt, zesumme mat Suen an anere Wäertsaachen a besonnesch sécheren Truhen ("Kriegskasse"), aus Stol, eng fréi Form vun Tresor.


Wärend wäertvoll Pergamentdokumenter op geneigten Schreifdëscher (Skriptorium; kuckt an der ënneschter Kapell) gemaach goufen, goufen déi meescht alldeeglech Schreiwessen op engem gewéinlechen Dësch gemaach. Oft hu méi wéi ee Schreiwer un engem Dësch zesumme geschafft.


Spezialiséiert Büromiwwel entwéckelt sech lues a lues, wéi de spuenesche "Bargueno".

d'Wichtegkeet vun historeschen Dokumenter
fir Geschichtsfuerschung

Historesch Dokumenter vun der fréierer Schlassverwaltung kënnen hëllefen, Detailer vum fréiere Liewen am Schlass erauszefannen. Also ass et wichteg se zréckzefannen, ze liesen an ze studéieren. Daat waat een do liest vergläicht een dann mat anere Fonner an Wëssen. D'Liesen vun deenen Dokumenter ass net ëmmer ganz einfach, well alles war mat der Hand geschriwwen ass an d'Schrëften nët ëmmer liicht ze entzifferen sin.


Den Archivist an Historiker Jules Vannerus huet ganz wäertvoll Viraarbechte fir spéider Historiker gemaach, andeems hien Dokumenter aus verschiddenen Archiven ausgruewen, se transkribéiert a veröffentlecht huet.

Miwwelen
1602026_10202012186061031_4979391201969121317_o.jpg

Dëse Raum gouf ageriicht fir zwee Aspekter vum Schlassliewen ze weisen: Hannen ass dem Kach seng Stuff, mat der Fënster fir d'Kichen ze iwwerwaachen, an am Virdergrond d'"Kanzlei" (Büro) vum Schlass.

Tapisserie "de Buet"

Keng Informatioun iwwer d'Tapisserie nach. Follegt geschwënn.

Tapisserie
"de Wëllkommenskuss"

Keng Informatioun iwwer d'Tapisserie nach. Follegt geschwënn.

Auereschaaf

D'Miwwelen aus dem 18. Joerhonnert sinn e schéint Beispill vum Héichpunkt vun der lëtzebuerger Schräinerkonscht. Ënnert der Maria-Theresia vun Éisträich gouf Lëtzebuerg mat Handwierker aus Éisträich beräichert, déi den typesche Stil vun der Regioun entwéckelt hunn.


Dese Schaf géif gutt an e räiche Bauerenhaff oder e gutt situéiert Stadhaus passen. Obwuel en op den éischte Bléck vläicht net an de Kader vun engem herrschaftlechen Schlass passt, hätt en awer kennen an der Wunneng vun engem Dénger vu gewësser Wichtegkeet benotzt ginn, wéi dem Kichemeeschter.


Dëse Miwwel gehéiert dem "Musée National d'Histoire et d'Art" vu Lëtzebuerg a ass permanent op Veianer Schlass ausgeléint.

Bibliothéiksbuffet

Dës onwahrscheinlech Kombinatioun staamt och aus dem 18. Joerhonnert. Wahrscheinlech waren déi ënnescht an iewescht Stécker eemol Deeler vun enger eenheetlecher Raumariichtung a goufe spéider an dëser ongewéinlecher Form zesummegesat.


Esou e Recycling kéint fir e Bürosgebrauch gemaach ginn sin, wéi hei an eiser Interpretatioun fir d'Kichemeeschterwunnung. 

​

Dëse Miwel staamt vum Schlas vun Méischdrëff

Schreifdësch
Grafik21.jpg

18. Joerhonnert, mat räicher Intarsienaarbecht
Don vun der verstuerwener Mme. Oberlinckels, Lëtzebuerg

Dësch & Still

Dësch an Still am Stil vum 17. Joerhonnert,

hei ass ën als Schreiwdësch fir d'Schlass-Kanzlei gewisen

dem Jules Vannerus säin Bargueno

Den Ursprong vun dëse Kabinettsschief ass a Spuenien; dohier de spueneschen Numm. D'Spuenier hunn den Design an d'Spuenesch Nidderlanden mat bruecht an d'Exemplar daat ausgestallt ass ass am Flammennesche Stil vum 17. Joerhonnert gebaut.

Wärend dës Schief ursprénglech geduecht waren fir Schreifgeschir ewech ze raumen, goufen d'Tiräng spéider benotzt fir all méiglech aner Objeten a Wäertsaachen ze lageren. Si goufen räich mat exoteschen Materialien dekoréiert fir Besicher ze beandrocken; deen hei Exemplar huët eng Verkleedung aus Deckelsmoukpanzer

Dëse Miwwel kënnt aus dem Nolass vum Här Jules Vannerus, gehéiert den "Archives Nationales de Luxembourg", a ass dem Veianer
Schlass ausgeléint.

De Jules Vannerus war e belsch-lëtzebuergeschen Archivist an Historiker, deen zu Dikrech gebuer war a sech der Lokalgeschicht vu senger Heemecht gewidmet huet. Hien huet vill Fuerschunge gemaach a verschidde Bicher iwwer d'Geschicht vu Veianen publizéiert. Hien huet och Dokumenter aus verschiddenen Archiven ausgegruewen, transkribéiert a veröffentlecht fir den Historiker ze hëllefen, déi no him kimen. Ënnert anerem huet hien e Bericht iwwert d'Begoe vun den Grenze vun der Grofschaft Veianen 1617 publizéiert, dat éischt Veianer Lehnsbuch a verschidde Rechnungen iwwer Aarbechten, déi um Veianer Schlass am 16. a 17. Joerhonnert ausgefouert goufen.


Dës Wierker hunn wesentlech dozou bäigedroen, d'Geschicht vum Schlass ze erfuerschen an ze verstoen.

Kriegskasse

Dat däitscht Wuert "Kriegskasse" suggeréiert datt dës Eisenkëschten benotzt goufen fir d'Suen dran zë maachen fir den Zaldoten hieren Sold ze bezuelen (waat net wouer ass). Et get zwou ësou Këschten um Veianer Schlass, eng an der Garnisoun (Waffenhal), eng am Appartement vum Kichechef. Déi zweet huet e speziellt Gefaach fir Suen.

 

Eigentlech hätt een eng "Kriegskasse" fir dën Transport vun wäertvollen Saachen, wéi Suën oder Bijouen, benotzen kënnen. Mä meeschtens wäerten se op der selwechter Plaz bliwwen sin an als Tresor benotzt ginn sin. Se waren gemaach gin fir Suen, Dokumenter an aner Wäertsaachen dran anzespäeren.

Abacus

Dëst ass eng Rekonstruktioun vun engem Rechendesch, wéi se vun der Réimerzäit bis zum 18. Joerhonnert benotzt goufen. D'Mënzen, déi drop benotzt goufen, waren net vu monetärem Wäert, ma et waren Jetonen (Rechenpfennig, Token), speziell fir dësen Zweck entworf. Esou en Jeton gouf bäi archéologeschen Gruewungen hei um Site fonnt.


Hei wéi den Abacus funktionéiert:

Et gi 4 Zeilen: I = Eener, X = Zéngter, C = Honnerter, M = Dausender
Tëscht de Linnen sinn 5er, 50er an 500er. Also 5 Jetonen op enger Linn sinn gläichwäerteg mat engem Jeton (vu 5) tëscht den Zeilen uewen driwer (a). 2 Jetonen tëscht de Linnen sinn d'selwecht wéi een op der Linn uewen driwer (b).

Et kann een d'Jetonen op an zwéschen den Linnen no dëse Regelen änneren wéi den  Rechenvirgang et néideg mecht.

​

Additioun:
Fir zwou Zuelen zesummen ze zielen, gëtt déi éischt Nummer mat Jetonen an déi éischt Kolonn vum Briet geluecht. Déi zweet Nummer kënnt an déi zweet Kolonn.
Dann zitt een all Jetonen op enger selweschter Linn oder tëscht zwou Zeilen an déi lescht Kolonn, wou se d'Resultat weisen.

Subtraktioun:
De Minuend gëtt an déi éischt Kolonn geluecht, de Subtrahend an déi zweet. Dann hëlt een aus all Kolonn een Jeton ewech, vun der selwechter Linn / tëscht den Zeilen, soulaang bis keng Jetonen an der zweeter Kolonn iwwreg bleiwen.

Multiplikatioun
1. Faktor an déi éischt Kolonn, 2. Faktor an déi zweet Kolonn. Dann gëtt d'Zuel vun Jetonen aus der éischter Kolonn an déi drëtt Kolonn gesat, wärend simultan een Jeton (Eener) aus der zweeter Kolonn ewechgeholl gëtt. Widderhuelen bis et keng Jetonen méi an der zweeter Kolonn get.

Divisioun
1. Kolonn-Dividende, 2. Kolonn Divisor. Sou vill Jetonen aus der éischter Kolonn ewechhuelen wéi der an der zweeter sinn. Gläichzäiteg een Jeton (Eener) an déi drëtt Kolonn setzen. Widderhuelen bis keng Jetonen an der éischter Kolonn iwwreg bleiwen.

Den Desch kann och fir Comptabilitéit benotzt ginn : Déi éischt Kolonn ass fir Florin (Gulden), déi zweet fir Steiwer (Stüber / Sols), déi drëtt fir Pennegen (Pfennig / Deniers). Dëst ass néideg, well et bäi den Ménzen keen Dezimalsystem gouf: Florins waren 20 Steiwer wäert, e Steiwer war 12 Pennegen. Dat war déi offiziell Währung. 

 

Während Steiwer a Pennegen am 17. Joerhonnert nach vill am alldeegleche Gebrauch waren, waren d'Gulden net ganz heefeg. Et goufe vill verschidde Mënzen, am meeschte verbreet de "RäichsIschaler" (48 Steiwer) an de "Albertsdaler"" (18 Steiwer).

Truh
Grafik17.jpg

eng Truh aus dem 17. Joerhonnert

Schaf

Dëse Schaf ass en Don vun der Famill Jüttel vun Dikrech

Goss Schmelzhäre Plack
taakjpg.jpg

Des Gosse Plack ass déi riets Säit vun engem "Késchtenuewen" aus dem Joer 1582. Di hei déngt am Kamäin als "Taak" fir d'Hëtzt vum oppene Kamäinfeier ze späicheren an ze reflektéieren.

​

Op der Plack ass eng Kräizigungszeen ze gesinn, mat de Jünger vu Christus lénks, a réimeschen Zaldoten riets vum Kräiz. D'Zaldoten hunn typesch 16. Joerhonnert Rüstungen a Waffen. Lénks a riets vun der Joresnummer 1582 (Datum vum Goss vun der Plack) gesäit een déi helleg Jongfra mam Kand an enger Duerstellung, déi normalerweis zu Lëtzebuerg dem 17. Joerhonnert zougeschriwwe gëtt, awer hei méi aal ass.

Leo Belgicus

Dëst ass eng typesch Duerstellung vun enger Kaart vun de spuenesche Nidderlanden am 16. a 17. Joerhonnert, baséierend op der ongeféierer Form vum Land als Léiw a Bezoch op d'Léiwen an den Wopen vun de Provënzen Holland, Flandern, Brabant , Hennegau a Lëtzebuerg

bottom of page