top of page
herrschaftlech Kichen
(nei Kichen, grouss Kichen)

Dës Kichen gouf bannent engem Tuerm installéiert dee schonns virdrun do stung.

 

Se huet di aal Kichen em d'Enn 12. Jh. - Ufank 13. Jh. ersaat fir den Haff mat Iesssen ze versuergen. Wài nämlech den neien grousse Sall (Rittersall) gebaut gin ass war méi eng grouss an modern Kichen néideg. D'Iessen ass dun vun hei duerch e Lach an der Mauer (vun der Traap aus gesin lénks) an de grousse Sall gereecht gin.

 

Hannert der Mauer op der lénker Säit waren Spenterchern (Liëwensmettelreserven) am ënneschten Stack, an d'Kichemeeschterwunneng uewen driwer. Méiglecherweis goufen et och nach aan Reim déi zu der Kichen gehéiert hun op der rietser Säit. Vun der Kichen erof an de grousse Sall läit de Pëtz, an hannert deem eng 3. Kichen (haut net méi ze gesinn), déi am 14. Joerhonnert installéiert gouf.

 

E risege Kamäin (nëmmen bis op den 2. Stack rekonstruéiert) huet eng Fläch vun ongeféier 20 x 13 Fouss (6 x 4 Meter) iwerdeckt, sou dass hei iwerall Feier gemaach konnt gin. Den Damp vum Uewen, deen an der Mauer sichtbar ass, ass och an dëse Kamäin gaang.

mëttelalterlech Kachen
Kichen.jpg

Déi mëttelalterlech europäesch Kichen ass kuerz nom Fall vum Réimesche Räich entstaanen (mat wéineg Divergenzen duerch Westeuropa), an huet bis Mëtt vum 17. Joerhonnert iwerdauert. Duerno koum di modern europäesch Kichen, mat bedeitende nationalen a regionalen Divergenzen.

 

D'mëttelalterlech Kichen baséiert op der Theorie vum Galen iwwer déi véier Kierperflëssegkeeten: Blutt, Giel Gaal, Schwaarz Gaal an Schleim. Dës mussen ein engem gesonde Kierper am Gläichgewiicht sinn, a Liewensmëttel kënnen se zréck an d'Gläichgewiicht bréngen. Ee ganz wichtegt Mëttel dobäi sinn Gewierzer, awer och d'Liewensmëttel selwer, wéi och d'Art a Weis wéi et preparéiert gi, definéieren den Zoustand vum Plat: Naass, Dréchen, Waarm, Kal.

experimentell Kachen

Am Laf vum Joer (haaptsächlech den 1. Sonndeg am Mount) erwächt d'Kichen zu neiem Liewen. Historesch Rezepter ginn ausprobéiert. Aal Rezepter sinn net ganz detailléiert wat Quantitéiten a Veraarbechtung ugeet, a mir sinn hautdesdaags net méi mat traditionelle Kachtechniken wéi op cdem Feier kachen gewinnt, dofir sinn dëst experimentell Evenementer. Mëttlerweil gëtt et fir d'Visiteuren vum Schlass Showcooking. Dir sidd häerzlech wëllkomm de Prozess ze verfollegen an Dir kritt Informatiounen aus éischter Hand. Hei sinn e puer Videoen dovun:

Videoen:
Uewen
k1.jpg

Et war eng Bäckerei am Schlasshaff (haut Infomatiounszenter), dofir war et net néideg Brout hei uewen an der Kichen ze baken. Den Uewen war fir aaner Saachen ze baken, besonnesch Paschtéiten, déi an der mëttelalterlecher Kichen ganz beléift waren.

dem Kach seng Fenster

Dat Lach an der Mauer féiert an d'Wunnung vum Kach, vu wou hien d'Arbechten an der Kichen iwwerwaache konnt.

fir d'Buedzemmer

D'Dier (A) féiert an d'Buedzëmmer, sou datt een de Buedgäscht Iessen an Gedrénks  zerwéiere konnt. D'Lach riets ass eng Luck (B) zum Kacheluewen vum Buedzëmmer, deen vun hei befeiert gouf. Den Damp aus dem Uewen ass duerch eng schmuel rechteckeg Öffnung (C) méi héich erop an der Mauer eraus komm.

de groussen Hiel

Dëse groussen Hiel ass d'Original vun dëser Plaz vun 1647 (Audioguide an aner Quelle soen datt et eng Kopie wier; awer dat ass net méi de Fall), en ass voll operationell.

​

Dräi Ophänken kënnen 3 Kesselen oder Dëppen haalen. Eng Kierp gëtt benotzt fir d'Deppen erof ze lossen (Erhéijung vun der Hëtzt) oder erop ze hiewen (Hëtzt reduzéieren).

​

Do wou den Querträger un d'Dréiachs ugemaach ass gesäit een d'Konturen vun ëm Fësch; ët ass e Salem, däer sengerzäits ganz vill hei an de Flëss gefaangen gin sin

Uebstpress

Dëst ass den ënneschten Deel vun enger Fruuchtpress, aus lokalen Sandsteen fir Kichenzwecker (kleng Quantitéite Bieren, Nëss etc.). Den Eisensteft an der Mëtt war d'Achs ëm déi en ieweschte Deel (och aus Sandsteen?) gedréint gouf.

Kessel

Reproduktioun vun engem gossen Kachkessel. D'Form ass vu mëttelalterleche Keramikkesselen geknäipt a eegent sech gutt fir kachend Flëssegkeeten; déi ronn  Form zwéngt d'kachend Flëssegkeet an eng permanent Bewegung, déi verhennert datt de Kessel iwwerkachen.

​

De Kessel kann op sengen 3 Féiss an e Feier gesat ginn oder un deenen zwou Hänken opgehaang ginn.

fréien "dutch oven"

Dëst Gossen Déppen kann (mat sengen 3 Féiss) an d'Glous gestallt ginn, an da kann nach méi Glous op den Deckel geluecht ginn. D'Déppen gëtt also vun alle Säiten erhëtzt a kann als klengen Uewen benotzt ginn.

Pankucheplack
pankouch 2.jpg

Pankuche-Plack, no engem Bild vum Adriaen Rombouts (c. 1640 – 1670)

Pancake Night 1667

Ueleg op Holz 44,5 cm x 34,9 cm (17,5 Zoll x 13,7 Zoll)

**Ulster Museum **Belfast, Nordirland

Zoppendëppen

Dës Keramikbehälteren goufen haaptsächlech fir Zopp benotzt, awer heiansdo och fir Kabes oder aner Geméis, Huewerschläim oder ähnleches. Se gin no bäi d'Feier gestallt an esou get den Inhalt erwiermt.

Hingerkuerf

Lieweg Hinger goufen an esou Kierf transportéiert, vum Maart oder Haff heem bruecht, an d'Kichen, wou se geschluecht goufen.

Deegmoul
Grafik32.jpg

Moulen goufen gebraucht fir den Deeg fir Paschtéiten, Kuchen etc. ze maachen.

Joch & Eemeren

Fir d'Waasser vum Pëtz ze bréngen.

Eisekuchen Eisen

Verschidde Waafeleisen stinn ronderëm de Schneidblock.

Stuëw

Reproduktioun no engem Bild vum Jacques Linard vun 1627

Dës Stiéw konnten an der Kichen fir kleng Kachaarbechte benotzt ginn, awer si konnten och (als Heizung) an d'Wunnzëmmer oder Schlofkummeren gedroe ginn.

Reecherkreep

Gereechert gouf am groussen Raachfang vum Kichenkamäin. Et gouf vill gereechert, well sech déi Saachen laang gehaalen hun.

Mörser

Mörser goufe gebraucht fir all Zorte vu Liewensmëttel a besonnesch Gewierzer kleng ze muelen

Gewierzschaaf

Gewierzer sinn dat Wichtegst an enger mëttelalterlecher Kichen. Verschiddener goufen vu ganz wäit ewech importéiert a ware schrecklech deier. Eise Gewierzschaaf aus dem 17. Joerhonnert enthält scho Gewierzer, déi an der neier Welt entdeckt goufen an am Mëttelalter nach onbekannt waren: Vanille, Chili, Kakao

Broutrappen

D'Zoosse goufe mat Broutgrimmelen gebonnen, sou datt d'Reiwen meeschtens gebraucht goufen fir haart Brout ze rappen.

Glieser

Gliéser goufen duerch ganz Mëttelalter bis an di modern Zäit eran lokal produzéiert.

​

De Kichendësch ass aus dem 17. Joerhonnert mat Emännerungen aus dem 19. Joerhonnert.

Eeërkuerf

Fir d'Eeër am Héngerstall anzesammelen.

Romp

heiran konnt een aus Rahm Botter maachen andeems een dën Still erop an erof gepompelt huet. Daat war haart Aarbecht an huet laang gedauert

(ausgestallt: original 19. Joerhonnert).

Zenngeschier an engem Schaf

Zénn war fir den alldeeglechen Gebrauch a war dofir an all Kichen ze fannen. D'Geschier ass hei an enger Kréibänk op engem Schaf aus dem 19. Joerhonnert drapéiert.

Gestell fir Spiesser

Dëst ass eng Reproduktioun aus dem spéide 16. Joerhonnert aus dem Buch "Opera di Bartolomeo Scappi M. dell'arte del cucinare". Dat Gestell konnt ee fir vill Saachen benotzen, enner aanerem fir Spiesser drop ze léen.

bottom of page