top of page

archeologesch Krypta


Op dëser Plaz stoung dat eelste aus Steen gebaute Gebai vum Schlass; d'Fondamenter datéieren zréck op d'9. Joerhonnert. Fir d'éischt war hei eng grouss Hal, déi am 11. oder 12. Joerhonnert an oofgetrennte Raim ëmgewandelt gin ass, an zu däer selwegter Zäit ass uëwen driwer (haut Terrass) ee groussen repräsentativen Sall gebaut gin.
Et gesäit ee verschidde Fënsterlächer an der baussechter Mauer, souwéi eng Nisch mat enger Latrin. Den urspréngleche Buedem ass duerch d'archeologesch Ausgruewungen verschwonnen. E puer vun de Saachen déi bäi den Ausgruewungen fonnt gin sen sinn an Vitrinnen ausgestallt.
D'Ausstellung op deser Plaz ass net aktuell! (den Informatiounszenter am Haff huet dës Ausstellung ersat)
bottom of page
