top of page
gräflech Gemächer
(salle Victor Abens)
salle_VicAbens_FB1B186F-D70A-457F-817CE7CF56CE8067_da1b1e3d-dc6e-4726-a9d4ce137115d828.jpg

Wéi de "grousse Palas" gebaut gouf, gouf um Rez-de-Chaussée en neien groussen Sall installéiert, an den éischte Stack war fir déi privat Appartementer vum Grof a senger Famill vir gesinn.

​

Dës Gemächer goufen um Enn vum 12./Ufank vum 13. Joerhonnert iwer dem verwöleften neien groussen Sall ageriicht (an eelerer Literatur steet dass daat an zwou Phasen geschitt wier, waat awer elo esou nët méi als wouer gëllt), mat zwee Kamäiner.

Et ass elo onméiglech ze soen wéi déi ursprénglech Ënnerdeelung an e puer Zëmmeren ausgesinn huet, an et huet een den Androck an engem Sall ze sinn, dee vun Ufank un dofir konzipéiert war. De Grond dofir ass, datt de Layout vum Rez-de-Chaussée (grousse Sall) mat senge 6 Fënstere hei uewen kopéiert gouf. D'Fassad hat no baussen ee regelméissegt an symmetrischt Ausgesin; eppes wat am fréie goteschen Zäitalter méi wichteg war wéi d'Funktionalitéit bannen dran. Also hu sech missen d'Oofdeelungen bannen un d'baussegt Fassad upassen. D'Fënsteren an d'Dieren  hun spatz Béi, wéi een se aus dem goteschen Zäitalter kennt, während d'Fënsteren um Rez-de-Chaussée ronn Béi hunn. Dëst huet zu der Theorie gefouert datt et zwou Bauperioden gouf. Awer a Wierklechkeet war d'Gebai an enger Phase fäerdeg, an d'Architektur op béide Stäck weist déiselwecht Handschrëft vun enger Bauhütt.

 

Iwer der Dier an der südëstlecher Mauer sin "Schweigerousen", daat weist de private Charakter vun der Plaz, an trennt se vum "ëffentleche" Beräich vun der Galerie (Summerhal) of.

 

Vun ëm 1200 bis zum 18. Jorhonnert waren déi gräflech Gemächer op deser Plaz. Obwuel et absolut keng Unhaltspunkten get wéi se ausgesinn hun, kenne mir unhuelen datt se sech mat der Zäit entwéckelt hunn an emmer dem luxuriéisste Standard vun der Zäit entsprach hun.

 

Am 18. Joerhonnert goufen déi mettlerweilen ongenotzt Gemächer zu ëm Späicher fir Kären emgebaut, wéinst der verstäerkter landwirtschaftlecher Produktioun an dësem Zäitalter.

 

Haut gëtt de Sall fir all Zorte vu kulturellen Evenementer benotzt.

​

​

Victor Abens
deen éischte President vun de Veianer Schlassfrenn
IMG_20231005_100043.jpg

De Victor Abens vu Veianen war vun 1945 bis 1981 Deputéierten an der Chamber an  vun 1946 bis 1981 Buergermeeschter vun der Stad Veianen . Hie war och den éischte President vun de Veianer Schlassfrenn, déi d'Gebai zanter dem Rekonstruktioun verwalten a fir d'Ariichtung an d'Kulturliewen an de Schlassmauere verantwortlech sin. Déi meescht vun de Miwwelen, déi haut ausgestallt sinn, goufe vum Här Abens, engem passionéierte Antiquitéiteliebhaber, kaaft. Hien huet säin Afloss och benotzt fir vill politesch Evenementer, Staatsvisiten a Banqueten am Schlass ze organiséieren.

​

D'Veianer Schlassfrenn hunn dese Sall, deen um Site vun de fréiere gräflechen Gemächer ass, no hirem Grënner an Förderer benannt.

Renaissance-Truh

dës italienesch Truh ass mat engem Motiv vu gefalteten Léngen dekoréiert, waat Räichtum symboliséiert

Truh Louis XIII

Truh aus dem 17. Joerhonnert aus Frankräich

Tapisserie "de Fall vun Troja"

Flammennesch, 16. Joerhonnert

 

Ronderëm eng grouss Bordure mat ofwiesselnd Leit a Blummen drop, d'Bild weist déi bekanntst Episod vun der laanger Belagerung vun Troja duerch d'Griichen enner dem Kinnek Agamemnon

d'Bild huet dräi verschidden Deeler:

- Am Hannergrond ass d'Stad Troja, geschützt vun imposante Maueren, anscheinend
nach intakt - e puer Gebaier op der rietser Säit vun der Stad sinn um brennen.


- Am Zentrum dat riesegt hëlze Päerd, an deem sech déi griichesch Fousszaldoten verstoppen.
Net emstand déi belagert Stad am Stuerm ze huelen, bauen d'Griichen, beroden vum
gerassenen Odysseus, e risegt hëlzent Päerd, wou sëch Zaldoten dran verstoppen. Dorophin zéien d'Griihen sech op hier Scheffer zreck, wéi wann se d'Belagerung op gin hätten.


- Am Virdergrond, an engem gréissere Panorama, gesi mir groussen Duercherneen, Fraen droen Truhen mat wäertvollem Inhalt, et gesäit een och Zaldoten mat Waffen, aanerer ermuerden Leit (d'Trojaner).

Dës lescht Szen kann entweder de falsche griicheschen Opbroch oder awer d'Plënnerung vun der Stad Troja an de Massaker vun den Iwwerliewenden weisen.


Op der lénker Säit gesäit een e Mann deen en eelere Mann op senge Schëlleren dréit.
Daat ass den Aeneas, dee säi Papp Anchises fort brengt.

Tapisserie
"D'Kinnigin vu Saba begéint de Kinnek Salomon"

flammennesch, fréit 17. Joerhonnert

permanent geléint vuan der Europäescher Investitiounsbank

​

 fir all Tapisserien ass eng Expertise amgaang gemaach ze gin

​

 Des Tapisserie ass virun e poor Joer als "Beutekunst" (= Konschtwierker déi d'Nazien Judden gestuel hun) identifizéiert gin. Déi ursprenglech Besetzerfamill ass identifizéiert  an entschiedegt gin, sou dass d'Tapisserie hei um Veianer Schlass bleiwen kann.

Tapisserie
"Szen aus dem Liewen vum Merkur"

Bréissel, 17. Joerhonnert

permanent geléint vun der Europäescher Investitiounsbank

Tapisserie
"d'Offer vu Lystra"

no engem Karton vum italienesche Moler Raphael

17. Joerhonnert

elo no der Renovatioun gesin d'Faarwen vun dëser Tapisserie vill méi hell aus

 

Dës Tapisserie weist eng Bibelszen. De Poopst Leo X hat dem Raphael, fir d'Dekoratioun vun der Sixtinesch Kapell, den Opdraach fir 10 Kartonen als Virlag fir Tapisserieën gin. Et sollten Szenen aus der Apostelgeschicht sin. Dës 10 faarweg Kartonen vum Raphael goufen an den Atelier vum Pieter van Allst zu Bréissel geschéckt (den Carton dingt souzesoen als Schabloun fir d'Tapisserie ze wiewen). 1519 goufen déi éischt siwe Tapisserie fäerdeg a Chrëschtdag am selwechte Joer goufen se zu Roum ausgestallt. D'Begeeschterung, déi d'Tapisserie zu Roum ervir geruff hunn, war esou grouss an Europa, datt Adleger aus ganz Europa se an den Atelieren zu Bréissel kopéieren gelooss hun. Dësen Äifer huet bis an d'18. Joerhonnert ugedauert, sou datt net nëmmen d'Ateliere vu Bréissel, mä och déi vun Mortlake an England, Gobelin a Beauvais a Frankräich dës Apostelszenen gewiewt hun.

 

"The Sacrifice of Lystra" ass eng vun de Kopien, déi wahrscheinlech um Enn vum 17. Joerhonnert gemaach gouf. Leider verhënnert d'Feele vum Saam d'Identifizéiere vun der Plaz vun der Fabrikatioun. D'Beschreiwung vun der Tapisserie ass an den Texter vun der Apostelgeschicht XVI, 8- 16 beschriwwen; De Raffael huet se mat grousser Genauegkeet illustréiert.

 

De Paulus an de Barnabas, op der rietser Säit vum Teppech, priedegen d'Evangelium an der Stad Lystra. E Krëppel gouf geheelt; Dir gesitt hien op der lénker Säit vum Teppech gebeckt, d'Hänn gekräizt, zwou Krätschen bäi senge Féiss; hannert him steet en ale Mann mat engem Mantel. De Paulus gëtt duer gestallt wéi hien seng Kleeder zerräist a kräischt, wéi d'Leit vu Lystra him an dem Barnabas e Stier opfere wëllen, dee mat Girlanden geschméckt sinn, well d'Leit mengen di zwee wieren d'Götter  Merkur a Jupiter.

Tapisserie
"d'Offer un d'Diana"

2. Halschent vum 17. Joerhonnert

Don vum Här Victor Abens

 

geschwënn méi Informatiounen

Tapisserie
"Allegorie vum Triumph vun der Wëssenschaft & Konscht"

2. Halschent vum 17. Joerhonnert

Fabrikatioun vu Bruxelles

 

Op engem Won dee vun zwee räich geschméckten Päerd gezu get setzen zwou Persounen mat Lorbeerkränz um Kapp.
Si hunn eng gottähnlech Erscheinung.

Dat jonkt Meedchen dat riets sëtzt dréit an senger rietser Hand déi astral Sphär, de jonke Mann hält eng Molerpalette an e puer Pinselen an der Hand. Bäi de Féiss e Globus, Zirkelen, e Säiteninstrument an en oppent Museksbuch. Dës verschidden Elementer sinn Symboler fir d'Kënscht an d'Wessenschaft

Tapisserie
"Ulysses op der Insel vum Circe"

17. Joerhonnert, Amiens

 

1634-1635 huet de Simon Vouet eng Galerie am Schlass vum Claude de Bullion (1570-1640), Superintendent a Finanzminister ënner dem Louis XIII, mat Szenen aus der Illias dekoréiert.

Dës Biller, déi haut verschwonnen sinn, hunn als Modeller fir d'Tapisserie vum
„Odysseus“ gedingt, gewiewt an den Ateliere vu Paräis an Amiens, an an deene vu La Plance a Comans.

Mir kennen aacht Szenen aus dëser Serie; si representéieren verschidden Szenen vum Odysseus senger Rees heem a säi Kinnekräich Ithaca nom Fall vun Troja, (no dem Homer senger Ilias).

No den zéng Joer Belagerung, an dank dem Odysseus senger raffinéierter Strategie, fällt Troja endlech an d'Hänn vun den Ugräifer.


Déi siegräich Griichen fueren heem. Fir den Ulysses ass d'Rees awer laang a geféierlech.
Hie iert nach 10 Joer rondrem ier hien säi Kinnekräich Ithaca erreecht.

Op der lénker Säit vun dëser Tapisserie kënne mir den Odysseus an zwee vu senge Begleeder gesinn, déi op der Insel vun der Zauberin Circe u Land gin.

Op der rietser Säit ass e Jeeër deen en Hirsch verfollegt. Et ass wahrscheinlech den Odysseus, deen Iessen fir seng Mannschaft a sech selwer sicht, laut dem Canto X vum Homer senger "Illias".

bottom of page