
henneschten Haff

Dës Säit vum Schlass war am Meeschten Ugräifer ausgesaat an haat dofir extra staark Verteidigungsanlagen. Hei waren och d'Prisongen vum Schlass (bannent den 2 Tierm an déi ronn Struktur am Zentrum vun der Plaz). Am 17. Jorhonnert gouf nieft der Mauer vum "grousse Palas" e Comtoir fir Fruucht installéiert.
Schëldmauer

Et ass onbekannt wéi d'Verteidegungsanlagen hei genee virum 13. Joerhonnert ausgesinn hun.
Em d'Joer 1200 gouf eng nei Verteidegungsmauer gebaut, mat dräi Tierm: Déi zwee nach existéierend ("wäissen" & "schwaarzen" Tuerm) un all Enn vun der Mauer, an een drëtten an der Mëtt. Dësen drëtten Tuerm ass haut verschwonnen, ausser dem ënneschten Stack, deen elo ënnerierdesch läit (déi ronn Bank an der Mëtt vum Haff weist den Emrëss).
Tëscht 1350 a 1400 gouf eng nei méi staark Mauer - d'Schëldmauer - gebaut, als Reaktioun op d'Aféierung vu Kanounen bäi Belagerungen. Den mëttleren Tuerm ass verschwonnen an déi zwee aner Tierm kruten en weideren Stack uewen drop. Kanounenlucken (di grouss Lächer an der Mauer) erlaaben den Asaatz vun Feierwaffen fir d'Verteidigung.
Déi ënnescht Stäck vun allen dräi Tierm goufen als Prisong benotzt; spéider goufen och déi iewescht Etagen temporär dofir gehollt (fir Krichsgefaange).
