top of page
grousse Keller
Weinkeller-1-von-1-1.jpg

De grousse Keller ass den ënneschten Stack vum grousse Palas, ënner dem grousse Sall, an deelweis an de Fiels geha. En hat fir d'éischt een hëlze Plafong, gedroe vun hëlze Stäiler, dee spéider ersat gouf mat de gotesche Verwellefen déi ganz erhaalen blouwen.

​

Wéi d'Aarbechten am "grousse Palas" um Enn vum 12. Joerhonnert ugefaang hunn, war déi éischt Saach, déi gemach gouf, d'Lach vum Keller, an de Fiels geha. Et kann sinn, datt et eemol e Gruef op deser Plaatz gouf (oft als réimesch interpretéiert); duerch d'Gruewen vum Keller ass eng Zort Querschnitt vun dësem Gruef entstaanen, esou dass een deen haut nach an de Säitewänn vum Keller gesinn kann.

 

Als Keller vum neien groussen Sall konnt een fir d'éischt nëmmen aus der Agangshal hei hin kommen; op der lénker Säit gesäit een eng Ramp am Fiëls, déi an d'Agangshal erop féiert, fréier war do eng hëlzen Traap. De Keller war geduecht fir Wäin ze lageren, an eventuell aner Gedrénks a Liewensmëttel. Vum 14. Joerhonnert un waren hei och Handmillen fir an der Kriegszäit Käeren ze muelen.

 

Am 15. Joerhonnert goufen den heitegen Agank an d'Verwëllefen gebaut.

​

Haut ass de Keller fir gastronomesch Zwecker ageriicht. E gëtt als Taverne fir grouss Evenementer benotzt, ka fir Banqueten gelount ginn a gëtt fir Concerten an aner Evenementer benotzt.

bottom of page