
Agankshal & Garnisoun
(Waffenhal)
Dëst Gebai mat Agankshal, Garnisoun a Ritterstuff um Rez-de-Chaussée, an der grousser Galerie um éischte Stack, gëtt allgemeng "klenge Palas" genannt.
Et enthält déi räichste Steenmetzaarbecht vun der Buerg. Dëst erstaunlech Wierk fënnt een nach ëmmer un dem Portal vun der Agangshal uewen op der Trap, dem Portalbou vun der Galerie, de Fënsteren vun der Galerie an un de Verwëllefen vun der Ritterstuff. D'Gebei gouf an der zweeter Halschent vum 12. Joerhonnert gebaut.
Architektonesch Detailer:
Waffenhal:

ale Sall

Virum Bau vum "klenge Palais" war di hei Plaatz Deel vun engem Bannenhaff vun der Käerbuerg. Déi baussenzeg Mauer (mat Fënsteren) war Deel vun der Buergmauer, während vis-à-vis d'Fassade vun der aler Hal vum Ufank vum 9. Joerhonnert war. Dës Hal gouf Ufank vum 12. Joerhonnert no baussen mat Béi, déi een haut nach gesinn kann, dekoréiert.
Agankshal
![IMG_20230903_112448[1].jpg](https://static.wixstatic.com/media/ffbb99_f1c487114cea43a88afd101c5a03f5b0~mv2.jpg/v1/fill/w_600,h_450,al_c,q_80,usm_0.66_1.00_0.01,enc_avif,quality_auto/IMG_20230903_112448%5B1%5D.jpg)
Haut ass d'Agankshal zësummen mat der Garnisoun ee groussen Raum, mä fréier ware se mat enger Mauer bäim grousse rechteckege Pilier vuneneen getrennt. D'Form vun de Maueren, d'Fënsteren a souguer d'Verwëllef weisen, datt dat zwou verschidde Konstruktiounen waren, och wa se haut eng Entitéit bilden.
Déi ursprénglech Agankshal hat en hëlze Plafong, déi géint Enn vum 16. Joerhonnert duerch gotesch Verwëllefen ersat gouf. d'Schlusssteng weisen d'Wopen vum Englebert II vun Nassau-Veianen (regéiert 1472 - 1504) a vu senger Fra Cimburga vu Baden-Spanheim.
Vun der Agankshal aus hat een no riets Zougang zu dem grousse Sall an zu den Appartementer vum Grof, an de Wäikeller, riicht aus an d'herrschaftlëch Kichen an an d'Kapell, no lénks an d'Garnisoun. Vun der zweeter Halschent vum 15. Joerhonnert un gouf et eng nei Dier fir an daat nei gebaute Schweessbad.
Garnisoun
(Buergmannensall)

Strategesch wichteg nieft der Haaptentrée (an op där aner Säit nieft der Pilgerentrée fir an d'Kapell) plazéiert war dëst de Raum fir d'Wuechtmannschaft vum Schlass. A spéideren Zäiten, wou d'Wiechter net méi am Schlass hun mussen wunnen, gouf d'Garnisoun vun hei ewechgeholl an d'Hal fir aner Zwecker benotzt.
Dese Sall hat, wéi d'Agankshal, fir d'éischt en hëlze Plafong; d'Opléer aus Sandsteen op deenen d'Dunnen louchen sinn haut nach an der Mauer ze gesinn. D'Verwëllefen goufen tëscht 1383 an 1392 ënner der Herrschaft vum Englebert III. vun der Mark an der Elisabeth vu Sponheim-Veianen agefouert.
Stengen Kanounekugelen

Déi ausgestallte stengen Kugelen sinn all um Veianer Schlass fonnt ginn a ware dofir bestëmmt fir als Kanounenkugelen benotzt ze ginn. Déi méi grouss waren Bombarden; dat waren gewalteg Kanounen fir Buergmaueren futti ze schéissen.
Déi huel Kugelen haten bannen dran brennbar Substanzen a waren aus Lavasteng vun der nërdlecher Grenz vun der Grofschaft Veianen (Vulkanäifel) gemaach, déi Kugelen ganz aus Steen sin aus Sandsteen vun der Südgrenz (Bollenduerf).
E puer oder all vun dëse Kugelen goufen 1446 hei um Schlass an Form geha.
Hellebarden & Partisanen

An de spéitmëttelalterlechen Arméien sinn all Zorte vu Staangenwaffen a Gebrauch komm, awer déi meescht sinn séier erëm verschwonnen. Hellebarden (ursprénglech erfonnt fir e Reider vu sengem Päerd ze zéien) goufen am 16. Joerhonnert zimlech populär an ët goufen ganz Hellebardier-Unitéiten opgestallt. Spéider waren Hellabardieren Elitezaldoten fir speziell Aufgaben, z.B. als Trabanten (Läifwiechter) fir wichteg Perséinlechkeeten oder als Schutz fir d'Bannière.
Vum 17. bis 18. Joerhonnert (aus dëser Zäit sin déi meescht Exponater hei), goufen Hellebarden a Partisanen zu Offizéiersinsignen. D'Hellebard war normalerweis fir Enneroffizéier an d'Partisane fir Offizéier.
Krichsensen

Wann Baueren an de Krich gezun sinn, hunn se oft d'Geschier vum Haff als Waffe benotzt, well se keng richteg Waffen haten. Oder si hunn d'Schaffgeschier zu Waffen emgeschmied (dëst war den Ufank vun deene villen Aarten vu Staangenwaffen, déi am spéide Mëttelalter opgetaucht sin). An daat ass an den nächste Joerhonnerten ëmmer weider gemaach gin ...
Bei der Revolt am Norde vu Lëtzebuerg géint déi franséisch revolutionär Truppen, dem Klëppelkrich am Joer 1798, hunn d'Landsleit un däer Traditioun festgehalen an esou Séisselen wéi di hei ausgestallten benotzt.
D'Krichssensen, déihei zë gesin sinn, stamen aus Polen an sin aus dem 19. Joerhonnert
Besëtz vum Musée National de Luxembourg (MNHA).
Laaf vun enger Wallbëchs

Wallbëchsen goufen fir d'Verteidegung vun engem Schlass oder enger Festung benotzt.
D'Veianer Schlass hat 50 däer Wallbëchsen a "grouss Haken" (eng Primitif Form vun deemselwechten) am Arsenal. Wann se ausserhalb vun enger Festungsmauer benotzt goufen, sin së op Lafetten montéiert gin, well se ze schwéier waren fir mat der Hand ze handhaben.
Dëse Laaf staamt aus dem 16. oder 17. Joerhonnert.
Kriegskasse

Dat däitscht Wuert "Kriegskasse" suggeréiert datt dës Eisenkëschten benotzt goufen fir d'Suen dran zë maachen fir den Zaldoten hieren Sold ze bezuelen (waat net wouer ass). Et get zwou ësou Këschten um Veianer Schlass, eng an der Garnisoun (Waffenhal), eng am Appartement vum Kichechef. Déi zweet huet e speziellt Gefaach fir Suen.
Eigentlech hätt een eng "Kriegskasse" fir dën Transport vun wäertvollen Saachen, wéi Suën oder Bijouen, benotzen kënnen. Mä meeschtens wäerten se op der selwechter Plaz bliwwen sin an als Tresor benotzt ginn sin. Se waren gemaach gin fir Suen, Dokumenter an aner Wäertsaachen dran anzespäeren.
Feldharnesch

ee Feldharnesch ass eng Rüstung fir an d'Schluecht ze zéien. Deen hei ass am Stil vum spéiden 15. Jorhonnert (méiglecherweis awer eng Copie aus dem 19. Jh.)
D'Hellebard passt nët zu der Rüstung. D'Haaptwaff vum Ritter war d'Lanz. Déi asymmetrisch Harneschschëlleren weisen dass d'Rüstung gemaach war fir mat der Lanz ze kämpfen.
Jang IV vun Nassau-Veianen


eng Reproduktioun vun der Rüstung vum Jang IV vuan Nassau-Veianen aus dem spéiden 15. Jorhonnert ass an Aarbecht. Waat dir elo hei gesinn kennt ass daat waat een ënner der Rüstung un huet: Hiëm, Huesen, Schong, Panzerwams, Bolero (Coll) an Jupe aus Kettengeflecht.
De Plattenharnesch soll am Fréijor 2024 fäerdech gin an des Duerstellung kompletéieren.
Den Jang IV huet hei zu Veianen d'Prënzestuff (Bankettsall) gebaut, wou een säin Woopen an deen vun denger Fra um Kamäin gesin kann.
D'Reproduktioun get no der Duerstellung op sengem Epitaph (eng Art Graafsteen) deen zu Breda (NL) ass gemaach.

Friederich III vun Veianen

Nobildung vun enger Rüstung aus dem spéiden 12. Jorhonnert als Interpretatioun vun der Rüstung vum Grof Friedrich III. vun Veianen (Regierungszäit 1187 - 1210). De Friedrich war ee ferventen Krieger und dacks an bewaffnet Konflikter verwëckelt. Am Jor 1196 huet hien den Äerzbeschof vun Tréier, dën Jang I, gefaangen gehollt an agespaart.
De Friederich wor fir de Bau vum "grousen Pallas" op dem Veianer Schlass veräntwertlech. Daat ass eng Buerg an der Buerg, inspiréiert vum franséisch-normannesch-engleschen Donjon. D'Gebei besteet aus dem groussen Keller, dem groussen Sall an den gräflechen Wunnengen (haut salle Victor Abens).
D'Rüstung besteet aus engem Kettenhiem, daat iwwer enger Gambison (geposterten Rack) gedroen gët, dann Kettenhuesen (Boxebeen déi den Hënner fräi loossen fir dass een um Päerd reiden kann) an en Helm mat engem Schutz fir d'Nues. De Scheld ass mam Woopen bemolt: ee selwerne Scheld op roudem Gronn.



