top of page
dem Prënz seng Stuff
(Bankettsall)
banquet.jpg

(d'Bezeechnung "Bankettsall" staamt aus dem romanteschen 19. Joerhonnert, den ursprénglechen Numm fir dës Plaz ass "dem Prënz seng Stuff")

 

Dëse Sall hëlt di ganz Fläch vum 3. Stack vun engem Gebai an dat tëscht 1442 a 1472 gebaut gin ass. Um Kamäin sinn d'Wopen vum Johannes IV. vun Nassau-Veianen (lénks) a vu senger Fra Maria vu Looz-Heinsberg (riets) ze gesin.

Dëst Gebei kann dem Datum no NASSAUBAU genannt ginn, awer an Dokumenter aus dem 17. Joerhonnert erschéngt dëst Zëmmer als "dem Prënz seng Stuff", "nei Stuff" oder "grouss Stuff".

​

Ursprénglech war et eng Zort Wunnzëmmer oder Salon nat oppenem Kamäin fir di privat Notzung vun der Grofefamill, an ët gouf zur Stuff (Stube / Estuve) duerch d'Aféierung vun engem Eisenuewen am Joer 1564. Dën Numm "Stuff" kënnt vum aaldäitschen Wuert "Stove" fir ën Uëwen. Zu engem onbekannten Datum gouf de viischten Deel vum Zëmmer duerch eng Fachwierkmauer ofgetrennt, an ët ass eng "Antichambre" entstanen.

​

Wärend d'Veianer Schlass am Mëttelalter (11. - 13. Joerhonnert) de Liëwensmettelpunkt an d'Haaptwunneng vun de Grofe vu Veianen war, huet sech d'Famill vum 13. Joerhonnert un ëmmer méi no Westen orientéiert, eppes waat d'Nassauer Famill weider gefouert huet, well hiren neien neien Liëwensmettelpunkt war Brabant (Breda & Bréissel). D’Veianer Schlass war fir si awer och weiderhin eng ganz wichteg Plaz, mä si hunn elo hei manner Zäit verbruecht.

 

Am spéiden Mëttelalter huet sech d'Liewen vum héijen Adel geännert; den Kader (Appartementer, Gäert ...) gouf méi oppulent a luxuéis, a si hunn méi Zäit am Privaten, ewech vun der Ëffentlechkeet verbruecht. D'Schlass Veianen gouf eng ideale Réckzuchsplaz aus der geschäfteger Brabanter Regioun, mat Loschtgäert, Juegddomän, Schweessbad a gemittlechen Appartementer.

Fënsteren
dsc-9259.jpg

Dëst war dat éischt Gebai vum Veianer Schlass, déi Kräizstackfensteren am Renaissance-Stil krut (gläich derno sin déi dann och an deenen eeleren Gebaier agefouert gin).

​

Dës Fënstere haten Bläiverglasungen, an bannen gouf ët helzen Klapplueden. No baussen waren all Fënstere mat Eisestaangen (dat alt Wuert dofir ass "Traljen") géint Abréch gesechert, och op dëser Héicht.

​

Kamäin

Et ass de Kamäin deen eis verréit wéini dëst Gebai gebaut gouf, mat de Wopen vum Grof Johannes IV a senger Fra Maria vu Looz-Heinsberg (während der Herrschaft vun dëser Koppel 1442 - 1472).

​

En ass aus lokalem groe Sandsteen gemaach (vun Bettenduerf oder Gilsduerf), wahrscheinlech vun engem lokale Steemetz (deen säi Portrait op der lénker Säit vum Gewänn veréiwegt huet).

​

Zwëschen de Wopen kann een dräi Blummen gesinn, déi als "Schweige-Rousen" interpretéiert ginn, an déi weisen datt de Raum fir vertraulech Konferenzen benotzt gouf. Lénks a riets sin zwee Dinger déi Wäin zerwéieren.

Schaf

Dëse Schaf aus Nessert as am manieristesche Stil gemach an staamt aus dem 17. Joerhonnert. Et ass ee vu ganz wéinegen originale Miwwelen aus dem Veianer Schlass, déi een elo hei gesin kann.

​

Dësen herrleche Miwwel gouf den Veianer Schlassfrenn vun der Famill Lambert vu Vielsalm (B) geschenkt, deenen hir Virfuehren en an der Zäit virun der Zerstéierung vum Schlass (1800 - 1820) kaaft hunn.

Dësch
images.jpeg

Eechenholz Dësch aus dem 17. Joerhonnert, e staamt aus Schottland.

Buffet

Dëst manieristescht Miwwelstéck aus dem 17. Joerhonnert staamt aus der Buerg vu Seckendorf (bei Nürnberg, Däitschland), dem fréieren Doheem vun der nach existéierender Famill vun dësem Numm. D'Schlass gouf am 30-jähregen Krich zerstéiert.

 

E Buffet ass geduecht fir Iessen a Wäin fir den Service ze preparéieren. Sëlwer Deschgeschier an aner wäertvoll Saache sinn dran versuergt gin, souwéi räich dekoréiert Dëschdicher.

eechen Truh

Geschenkt vun der Mme. Fernande Molitor, Dikrech (L).

Standauer

Lëtzebuerger Barock, 18. Joerhonnert. Permanent gelengt vun der Mme. Franziskus Knaff, Beetebuerg (L).

Portrait vum William Friso vun Oranien-Nasau

Lithographie aus dem 18. Joerhonnert, aus der Sammlung Bach.

Portrait Christophorus Joseph von Baring

dee leschten Oberamtmann vun der Grofschaft Veianen.

Enn 18. Joerhonnert.

Uelegmolerei aus Sammlung Bach.

Tapisserie
"Hochzäit vu Kanaa"

17. Joerhonnert

Aubusson,

geschenkt vun der Caisse de l'Epargne de l'Etat Luxembourg (BCEE)

 

(eng Expertise fir all Tapisserie ass amgaang gemaach ze gin)

aner Miwwelen

- 2 bronzen Feierbeck, barock

- Stull Typ "Savonarola" vu Florenz (I), geschenkt vum Grossherzog Jean vu Lëtzebuerg

- 2 Still vum selwechten Typ, Reproduktioun 19. Joerhonnert

- Statu vum hellege Rochus, franséisch 16. - 17. Joerhonnert

- 6 Still & Fotellen am 17. Joerhonnert Stil

- Lüsteren am Stil vum 17. Joerhonnert, Reproduktiounen

bottom of page