top of page
duebel Kapell

D'Schlasskapell ass den interessantesten architektoneschen Detail vum Veianer Schlass, an et gët vill Interpretatiounen an Theorien iwert se.

 

Se besteet aus engem zëngeckegen Bau mat ugebauten Apsiden (Altorraim). Se huet zwee Stäck; et schëngen baal zwou verschidde Kapellen ze sinn, ma si sin mat enger sechseckeger Öffnung an der Mëtt mateneen verbonnen. D'Schlasskapell huet eng eeler quadratesch Struktur ersat, vun där d'Fondamenter nach um ënneschten Stack ze gesinn sinn.

 

Dës eeler Maueren kënnen d'Iwwerreschter vun engem réimesche "Fanum" (Tempel) aus dem 1. Joerhonnert sinn. Eng aner populär Interpretatioun ass e "Burgus"-Tuerm (Festung).

 

Ët gët eng Theorie déi beseet datt déi ënnescht an déi iewescht Kapell separat gebaut goufen, zu ënnerschiedlechen Zäiten. Ët ass awer éier wahrscheinlech datt béid Kapellen zur selwechter Zäit gebaut goufen, an däer Architektur wéi een së nach haut gesäit.

Interpretatioun &  bekannten Geschicht

Dësen Oratorium ass en typescht Beispill vun der Kräizfuererarchitektur a stellt eng Kopie vum hellege Graf zu Jerusalem duer. Et kann een esou Gebaier op ville Plazen fannen, woubäi se an Dimensioun, Form a Ausgesin stark variéiere kënnen. Dat eenzegt wat se all gemeinsam hunn ass eng zentral Plaz fir dat ugehollten Graf vum Christus, dat zu Jerusalem vun engem sechseckegen Baldachin gekréint ass. An den Copiën vum hellege Graf ass op dëser Plaz ganz oft d'Graf vun enger wichteger Perséinlechkeet oder et sin Reliquien do ausgestallt. Well et zu Veianen keng Griewer gouf, musse mer unhuelen, datt hei eng Reliquienausstellung war.

 

D'Kapell gouf ëm 1170 gebaut, mat Hëllef vum Uerden vun den Templer, dee vum Grof Siegfried I. an d'Regioun geruff gin war.

 

Am 13. Joerhonnert wësse mer vun engem Altor deen der Helleger Maria geweit war.

 

Vun op d'mannst dem 17. Joerhonnert un gouf déi ënnescht Kapell net méi als Oratorium benotzt, an d'Zentralöffnung gouf zou gemaach. Awer d'iëwegt Kapell blouf eng wichteg Plaz fir Pilger,wéint däer beandrockender Reliquiesammlung, déi hei ze gesinn war.

 

D'Chéier (Apsiden) vu béide Kapellen sinn op der südöstlecher Säit, während d'Haaptentrée am Nord-Westen ass; also ass dat ganzt Gebai op dat helleg Land ausgeriicht.

ënnescht Kapell

Wärend et hei e Chouer get (fréier war do en Altor), gëtt d'Opmierksamkeet vun engem Besucher awer an d'Mëtt gezunn, op d'Plaz vum vermeintleche Graf vu Christus. Dëst wäert a fréieren Zäiten nach méi ausgeprägt gewiescht sinn, wéi d'Fënster am Chouer nach vill méi kleng war, an dofir daat meescht Dagesliicht vun der ieweschter Kapell (déi vill an grouss Fënsteren haat an huet) den Zentralschacht erofkomm ass. Em Chrëschtdag (Wantersonnewend) awer schëckt déi opgoënd Sonn hir éischt Strahlen duerch d'Chouerfënster (aus Richtung Jerusalem) zu der Plaatz vum Hellege Graf.

 

De klenge Raum lénks mat zwee ronnen "Uëssenaën" (ronn Fënsteren) an enger méi grousser Öffnung derzwëschen an der Baussemauer existéiert eréischt zanter dem 17. Joerhonnert. Fréier war dës Baussemauer nach net existent an eng hëlze Trap koum hei vum Schlasshaff aus als Pilgerzougang an d'Kapell. Daat fréier räich dekoréiert Dierportal a Rigelballekenlächer bannen an der Kapell fir d'Dier ze spären sinn nach ëmmer Beweis dofir.

 

D'Dier no riets huet zu enger Balkon-ähnlecher Plattform gefouert, hei gouf ët och ën räich dekoréiert Portal aus Hasteen. Dëse Balkon hätt als Priedegtstull dobaussen benotzt kënnen ginn, an och fir d'Reliquië, déi an der Buergkapell versuergt goufen, dem Public ze weisen.

 

Déi ënnescht Kapell gouf an engem Dokument aus dem 13. Joerhonnert "capella militum" genannt, wat d'Präsenz vun den Tempelritter op der Buerg undeit.

Templerausstellung: "dem Komtur säin Zëmmer"

Am Sall lénks sinn e puer Reproduktioune vun 13. Joerhonnert Miwwelen ausgestallt.

Si sollen de Raum vun engem Templerpräzepter (Chef vun enger Komturei - daat ass eng regional Dépendance vum Uëden) weisen. D'Templer waren um Veianer Schlass präsent, hunn gehollef d'Kapell ze bauen, hunn eng Zäit hei gewunnt an hunn vläicht och d'Gestioun vun der Grofschaft iwerholl wann dë Grof net do war.

​

D'Miwwele si ganz einfach ouni Molerei an Faarw gehal - wéi d'Reegel vum Uërden et virschreiwt: E Schaf, e Scriptorium (Schreifdësch) mat Säitendësch, eng Truh fir Dokumenter ...

​

den Templer deen hei steet:

​

Den Hugo war an der éischter Hallschent vum 13. Joerhonnert Prezeptor (Virstoer) vun der Templarkomturei vu Ruet bei Veianen. Och um Veianer Schlass waren d'Tempelritter präsent, zenter si vum Grof Siegfried I. vu Veianen an den Ourdall geruff gin waren. Si waren um Bau vun der Buergkapell bedeelegt, déi mat Fresken dekoréiert war, déi Templer duergestallt hun.

Während de Grof Henri I. an d'Gräfin Marguérite vu Courtenay vun 1229 bis 1237 als Marquis zu Namur gewunnt hunn, war den Hugo dacks bäi hinnen um Haff dobäi. Hei zu Veianen waren d'Templer wuel während der Ofwesenheet vum Grof Verwalter vun der Grofschaft

iewescht Kapell

Obwuel déi architektonesch Elementer vun dësem Deel nees ongeféier an den urspréngleche Faarwen bemoolt sinn, fehlt e groussen Deel: Op de wäisse Mauere gouf et eemol Freske mat Templer, zum Deel der déi an der Rüstung gekleet an d'Schluecht geridden sin, zum Deel der a lithurgesche Kleeder déi d'helleg Mass gefeiert hun. Leider blouf keng vun dëse Fresken erhaalen ...

 

Bäim Lach an der Mëtt goufen Knéibänken an d'Mauerwierk agebaut; d'Gebieder sollten op d'Reliquië an der ënneschter Kapell erof geriicht sin.

 

Ursprénglech stoung d'Kapellegebai no alle Säiten fräi an hat also och Fënsteren op all Säit. Vun dësen urspréngleche Fënstere sinn nëmmen eng an eng hallef lénks vun der Entrée erhaalen bliwen. Hannert deenen gëtt et d'"Grofeloge"; en behëtzbart Zëmmer, dat wuel fir de Grof Englebert II gebaut gin war. Den Zweck war ët dësem héigen Adlegen, dee béis krank war a vill gelidden huet, z'erméiglechen bei der helleger Mass dobäi ze sinn. Dëse Sall ass als Resultat vum Bau vun den héije Gieweldiecher am spéiden 15. Joerhonnert entstaan, als Konsequenz dervun dass d'Kapellegebai ganz mat dem ugrenzende "klenge Palas" verbonnen gin ass.

​

No oder während dëser Transformatioun goufen nei (méi grouss) gotesch Fënsteren an déi verbleiwend Baussemauer agebaut. Dräi Fënsteren am Chouer weisen haut d'Woopen vu Veianen: Al Veianen (bis 1288, lénks), Nei Veianen (vun 1288, riets) an Nassau-Veianen (vun 1417, Mëtt).

Miwwelen vun der ieweschter Kapell

Den Altorsteen

​

Daat hei ass eng Kopie vum Original, deen elo an der Bildchenskapell net wäit vun hei am Bësch steet.

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

​

Retabel

​

Op d'mannst vum 17. Joerhonnert un waren d'Schlassreliquië uewen um Altor ausgestallt. En Inventar aus dem Joer 1614 ziëlt folgenden Inhalt vum Reliquiaire op:

 

Helleger:

1. Hellegen Hilarius
2. Hellegen Antonius den Eremit
3. Helleg Agnes
4. Hellegen Vicentius
5. Hellegen Blasius
6. Hellegen Ansgar
7. Helleg Agatha
8. Helleg Dorothea
9. Helleg Julia
10. Helleg Perpetua
11. Helleg Felizitas
12. Hellegen Benedikt (den Abt)
13. Hellegen Vital
14. Helleg Petronilla
15. Hellegen Philippus (den Apostel)
16. Helleg Pudentia
17. Hellegen Eberhard
18. Hellegen Péitrus (den Apostel)
19. Hellegen Paulus (den Apostel)
20. Helleg Margaretha
21. Hellegen Praxedis
22. Helleg Maria Magdalena (Apostel vun den Apostelen)
23. Helleg Christina
24. Helleg Glodesinde
25. Hellegen Christoph
26. Hellegen Pantaleon
27. Helleg Martha
28. Hellegen Dominikus
29. Hellegen Laurentius
30. Hellegen Bernard (vun Clairvaux)
31. Hellegen Bartholomäus (den Apostel)
32. Hellegen Kornelius
33. Hellegen Cyprianus
34. Helleg Hildegardis
35. Hellegen Mathäus (den Apostel an Evangelist)
36. Hellegen Mauritius & Konsorten (vun der helleger Lanz)
37. Helleg Justina
38. Hellegen Lukas (den Evangelist)
39. Helleg Ursula an di 11000 Jongfraen
40. Hellegen Wllibrord
41. Hellege Claudius
42. Hellegen Martin
43. Helleg Cäcilia
44. Hellegen Klemens
45. Helleg Katharina
46. Hellegen Andreas (den Apostel)
47. Helleg Barbara
48. Hellegen Nikolaus
49. Helleg Lucia
50. Hellegen Stephanus
51. Hellegen Thomas


Aner Reliquië:
52. Hoer a Lengen vun der helleger Jongfra
53. e Stéck vum Dësch vum leschte Abendmahl
54. e Steen vun Golgatha mat engem Bluttfleck vun Eisem Retter
55. e Partikel aus dem Hellege Kräiz
56. e Stéck Steen aus dem Hellege Graf

 

Haut hänkt d'Haapttafel vun dësem Reliquarie an der Trinitarierkierch vun Veianen.

 

Statu vum hellege Anthony der Eremit

​

Daat hei ass eng Kopie vum Original aus dem 15. Joerhonnert, dat fréier hei stoung an elo am Lëtzebuerger Nationalmusée (MNHA) an der Stad ass.

reliq.jpg
bottom of page