
mëttelalterlech Kichen

Dës Kichen gouf am 12. Joerhonnert tëscht dem ale Sall, der Kapell an der baussegter Mauer vun der Buerg eran gebaut - domat erkläert sëch den onregelméissegen Plang vun dem Raum.
A spéiderer Zäit gouf en zweete Stack uewen drop gebaut, als Wunnraum (fir d'Kichenpersonal?), deen war vun hei iwwer eng hëlze Trap zougänglech.
Dës "al" Kiche gouf ageriicht fir fir den Haff vun de Grofe vu Veianen ze kachen. Giess gouf am Ufank am ale Sall, méi spéit am sougenannte "klenge Palais" (Ritterstuff, Garnisoun, Galerie).
Mam Bau vum sougenannte "grousse Palas" (grousse Sall) an däer "neier" herschaftlecher Kichen huet dës Plaz hieren ursprenglechen Zweck verluer. Bis Enn vum 17. Joerhonnert ass se awer nach als Kichen benotzt gin; wahrscheinlech fir d'Garnisoun mat Iessen ze versueren.
Am 14. Joerhonnert gouf eng drëtt Kichen (d'Jülicher Kichen) installéiert, wahrscheinlech fir d'Versuergung vun der Buergverwaltung. Haut ass näischt méi vun dëser ze gesinn.
Et goufen also dräi verschidde Kichen an der Käerbuerg, déi (mat hiren Niewereim) iwwer 400 Quadratmeter agehollt hun!
Spentgen

d'Konstruktioun vun der baussegte Mauer vum Schlass (op Béi fir vrum "Sappéieren" ze schützen) huet et méiglech gemaach "Nischen" am décke Mauerwierk ze installéieren. Dës goufen haaptsächlech als Spentgen (Liëwensmettelreserve) benotzt, déi lénks gouf och als Spullkichen benotzt, während op der rietser Säit eng Dier zu engem Schacht féiert, an deem en Opzoch installéiert war fir Feierholz an aner Saachen fir d'Kichen hei erop ze kréien.
Kamäin

Am 12. Joerhonnert gouf iwwer dem oppene Feier um Buedem (ënnert dem Kamäin) gekacht. Bedenkt w.e.g. datt den Niveau vum Kamäinsbuedem déi ursprénglech Héicht vum Buedem vum ganze Raum war. Wärend de Kamäin mat Steen ausgekleed war, war de Buedem vum Rescht vum Zëmmer aus Holz gemaach. Spéider gouf dëst geännert (an de Buedemniveau erof gesat?) an de Buedem mat groe Sandsteenplacken beluecht (haut Schiefer).
Handmillen


Fruucht ass op der Buerg gelagert a wéi néideg an der Banmillen ënnen un der Our gemuelen ginn, oder awer bäi enger Belagerung mat enger klenger Handmillen (ausgestallt: Reproduktioun).
Enn vum 12./Ufank 13. Joerhonnert huet eng grouss Tretmillen mat Laafrad d'Handmillen ersat, déi dann awer erëm am 14. Joerhonnert duerch eng méi grouss Handmillen ersat ginn ass. Am 17. Joerhonnert waren 2 Handmillen am Asaz; ee vun de Millesteng ass nach um Buedem am Passage vun der Ritterstuff an déi ënnescht Kapell ze gesinn (hannert dem hëlze Gelänner hannen am Raum)














