
Kuerspäicher
(Salle Jemmy Koltz)

Dëse Raum ass entstaanen wéi um Enn vum 15. Joerhonnert di héich Giëweldiëcher gebaut gin sin.
Fir den Daach vum "klenge Palas" op di selwegt Héicht wéi dee vum "grousse Palas" ze kréien, hu se missen eng zousätzlech Etage tëscht der Summerhal (Galerie) an dem Gespäer vum Daach asetzen.
Mat der wuessender Populatioun no den Epidemie vum 14. Joerhonnert, technologeschen Innovatiounen an der Entwécklung vum Handel bannent an ausserhalb vun Europa, ass d'Produktivitéit an der Landwirtschaft eropgaang. D'Recolten goufen och am Éisleck besser, an et gouf nei Käerespäicheren gebraucht. Also hat d'Konstruktioun vun den héije Giëweldiëcher net nëmmen en ästheteschen Grond, ma och e ganz prakteschen: d'Käeren konnten dréchen a ganz sécher virun Mais ënner den Diëcher gelagert ginn. Am Gespäer vu béide Palassen zu Veianen war Plaz fir 4 Späicheren iwerteneen.
Am "klenge Palas" gouf et nach e weideren Späicher wéinst dem "agebauten" Stack fir op d'Héicht vum "groussen Palas" ze kommen. Dësen hat ursprénglech 12 Fënsteren an de Baussemaueren a gouf vun den Amtmänner fir hiren Deel vun der Recolte benotzt. Iwwert dësem Stack waren d'Späicheren fir dem Grof säin Weess. An de Späicheren vum "grousse Palas" louch Huëwer.
Jemmy Koltz

De Lëtzebuerger Ingenieur an Historiker huet vill an d'Fuerschung an d'Dokumentatioun vun de lëtzebuerger Befestegungen a Schlässer investéiert. Hien huet Aarbechte geleed fir Deeler vun de Kasematten vun der Stad fir de Public opzemaachen an och bäi der Rekonstruktioun vum Veianer Schlass mat gewierkt.
Als President vun der Lëtzebuerger Denkmalschutzkommisioun (Commission des Sites et Monuments) huet hien sech och bäi den Veianer Schlassfrënn engagéiert, wou hien de Vizepresident war. Seng "Nouvelle monographie du château de Vianden" gehéiert zu de wichtegste Wierker iwwer d'Veianer Schlass.
Rekonstruktioun vum Schlass

Nodeem d'Schlass vun 1820 un zerstéiert gouf, huet et net laang gedauert bis déi éischt Iddien opgetaucht sinn fir d'Monument ze rekonstruéieren. Éischt Versich goufen vun der Mëtt vum Joerhonnert un ennerhollt fir d'Kapell ze konsolidéieren an ze renovéieren, an um Ufank vum 20. Joerhonnert krut de Bodo Ebhardt (däitschen Buergenexpert) den Opdraach fir Rekonstruktiounspläng ze maachen, an heen huet och vill Arbechten op der Plaatz ausgefouert.
Des Arbechten hun awer schonns virum Krich opgehalen a et gouf réicht an de 50er a 60er vum 20. Joerhonnert nei ugefangen, woubäi et bis 1978 gedauert huet ier déi richteg Rekonstruktioun ugefaang huet. Laanscht d'Mauere vun dësem Zëmmer weisen Fotoen dës Aarbechten (wann keng aaner temporär Ausstellung ass).
